D’Suerg ëm d’Peng Shuai wiisst

1647
Tennis
© John Fornander/ unsplash

Déi chineesesch Sportlerin Peng Suai huet den 2. November de fréiere Vizepremier Zhang Gaoli vu China beschëllegt, si vergewaltegt ze hunn.

Zanterdeem ass d‘Tennisspillerin spuerlos verschwonnen an huet och nach keen Liewenszeeche vu sech ginn. Et ass eng beonrouegend Situatioun. Déi 35 Joer al Fra wosst, wéi si d’Geschicht op Weibo (dat chineesescht Equivalent zu Twitter) verëffentlecht huet, wéi eng Risiken si ageet.

Den 2. November huet si eng laang Geschicht iwwert hier schwéier Bezéiung zum fréiere chineesesche Vizepremier erzielt. Si beschëllegt hien ënnert anerem, si zum Sex gezwongen ze hunn, ewéi si bei him doheem waren a seng Fra dobaussen „opgepasst“ huet.

Zenter hire Beschëllegungen ass d‘Spillerin verschwonnen an et gëtt keen Liewenszeeche méi vun hir. Et gëtt dat Schlëmmst erwaart. D‘Noriicht vum Peng Shuai ass ongeféier 20 Minutten online bliwwen, ier d‘Regierung, ewéi gewinnt Zensur ausgeüübt huet. Dobäi ass d‘Thema komplett aus dem Internet verschwonnen, zäitweis goufe souguer Begrëffer ewéi Tennis gespaart.

De chineesesche Bausseminister mécht keng grouss Saach aus dem Thema: „Ech hunn nach näischt doriwwer héieren an et ass keng diplomatesch Fro.“

Wierder, déi net berouegend wierken.