D’Magie vun de Wantermäert gëtt nees zum Liewen erwächt, de Geroch vu Glühwäin läit an der Loft a geselleg Deeg sti virun der Dier. An dësem Kader gëtt op de Chrëschtmaart zu Viichten bei der Gemeng invitéiert.
Den 11. Dezember vu 16:00 bis 23:00 Auer an den 12. Dezember vun 10:00 bis 18:00 Auer presentéieren Aussteller hir Passioun, an dat an de verschiddenste Beräicher. Dobäi wäert natierlech och fir Iessen a Gedrénks gesuergt sinn.
Ëm d’Organisatioun këmmere sech d‘Veräiner Aktiv Viichten, Pompjeesfrënn, Dëschtennis, Club 2000 an d’Union Chorale.
Weider Informatioune fannt dir op aktiv-viichten.lu.