Gëschter huet den neie Sportsminister Georges Engel sech emol de Lëtzebuerger Sportlycée méi genee ugekuckt a sech e Bild vum Programm an dem Encadrement gemaach.
Nom Accueil säitens dem Direkter Pascal Schaul an dem Sous-Direkter Yann Schneider, gouf et direkt e Luef fir d’Institutioun, déi Bildung a Sport vereent, an dobäi en héijen Niveau vu senge Schüler fuerdert.
![Zu Besuch am Sportslycée](https://www.moien.lu/wp-content/uploads/2022/01/202201261559090002-1024x768.png)
Zil ass et jonk Talenter ze fërderen a si op eng sportlech Karriär virzebereeden. An dësem Joer feiert de Sportlycée iwwregens e ronne Gebuertsdag: 10 Joer existéiert d’Institutioun schonn.