Dokteren ouni Grenzen: D’Zäit leeft fort

« D’Spideeler am Oste gi scho bal iwwerrannt, d’Zuel vun de Kranke mat Krichstraumata klëmmt kontinuéierlech an déi medezinesch Versuergung geet op een Enn, » erzielt d’Anja Wolz vun den Dokteren ouni Grenzen.

A mir wëssen net, wéi laang et dauere wäert, bis datt Kiyv ganz vum Rescht vun der Welt isoléiert ass. »

Dës weidere seet d’Anja Wolz, datt Loftugrëff, Artilleriefeier, Panzerschluechten a Kämpf ëm Haiser vu Mënschen, déi sech a Bunkere verstoppt haten, Liewensmëttel – a Stroumanktem, de Mënschen an der Ukrain d’Liewen onerdréiglech maachen.

Si liewen a stänneger Angscht. Hunn Honger an Duuscht. Wéineg Hoffnung. An et gëtt nach méi schlëmm. D’Brutalitéit an d’Intensitéit vun dësem Krich, ass anescht. An déi humanitär medezinesch Hëllef soll dëse Besoinen ugepasst a gläichwäerteg sinn.

De Samschden, de 5. Mäerz sinn déi éischt dräi Camionen an d’Ukrain geliwwert ginn. Am Ganze mécht dat 120m³ un Hëllefsmëttel. Een Drëttel vun dësem Material, haaptsächlech Chirurgiesets a Medezin, gouf op der Plaz op Kiew gefouert.

Bis elo hunn d’Dokteren ouni Grenzen sech nëmmen op medezinesch Ausrëschtung konzentréiert, mee d’Ufuerderunge wuessen. Et gëtt Insulin fir Diabetiker benéidegt. Medikamenter fir Patiente mat chronesche Krankheeten, ewéi Asthma, Blutthéichdrock oder HIV.

E puer vun dëse Behandlunge, musse gekillt transportéiert ginn. Dat erschwéiert dat Ganzt nach. All Liwwerung op seng Plaz ze bréngen ass eng schwéier a geféierlech Erausfuerderung.

Dës weideren mussen déi geflüchte Persoune bei Minusgrade virun der Keelt geschützt ginn. Dausende vu Mënsche sinn um Wee fir op d’Lemberger Grenz, ma dës Temperature kënne Liewen huelen. D’Dokteren ouni Grenze schéckt dofir 160m³ Material an den Asaz. Méi ewéi 2.000 Schlofsäck, 3.500 Thermo-Fleecedecken, Thermoënnerwäsch, Mutzen, Jacketten, Zelter, Hygieneartikelen an nach esou vill méi.

Bleift ze hoffen, datt dës Moossnamen alt e bëssen hëllefen.

Dernières nouvelles