Carte Blanche: Wann d’Welt zesummebrécht

« Ech fannen Hoffnung an den däischteren Deeg a konzentréiere mech op déi hell. Ech beurteelen d’Universum net. » Dalai Lama

Leider ginn et Zäiten an eisem Liewen, an deene mir nëmme Bedréckung an Disharmonie gesinn. Et ass schwéier aus der Donkelheet erauszekommen, zemools well mir dacks net versti wat mat eis passéiert, oder well mir net wëssen, wéi mir domat ëmgoe sollen. Et si Momenter, wou emotionaalt Chaos zu eisem Alldag gehéiert.

Eis Welt ass virun onsen Aen zesummegebrach, mir wëssen net wat mir maache sollen. Mir jäizen « genuch », wëllen eppes änneren an awer akzeptéiere mir dës fuerchtbar Situatioun. Ma et ginn awer ëmmer Méiglechkeeten dat emotionaalt Chaos an de Grëff ze kréien.

Mir associéieren dësen Zoustand mat Leed, besonnesch wa mir net wëssen, wat mir maache sollen. Wéi mir d’Problemer meeschtere kënnen. Heiansdo kann et souguer sinn, datt positiv Emotiounen eis iwwerfuerderen – mir wëssen net wéi mir se verschaffe sollen.

Et ass en Däiwelskrees, mir empfannen ënnerschiddlech Emotiounen, wëssen awer net wéi se a Wierder ze faasse sinn. Wéi identifizéiere mir se?

E puer Unzeeche fir emotionaalt Chaos ass, datt Emotiounen deene mir eis net bewosst waren opkommen, an zu onerwënschtem Verhale féiere kënnen. Mir sinn onentschloss, Entscheedungen déi getraff musse ginn, gi vertässelt.

Angscht ass och e grousst Unzeechen. Angscht Feeler ze maachen, Angscht net perfekt ze sinn – Angscht déi eis alles hëlt.

An da kommen d’Scholdgefiller, déi kann een net an en Tirang stiechen.

Mee bei all dëse schlechte Gefiller gëtt et Hoffnung op besser Zäiten. Selbsterkenntnis ass schonn e gudden Ufank – erkenne wat mat eis passéiert, wéi mir reagéieren a wéi e Wee mir wëlle goen. Gutt, et ass wichteg dem Chaos Raum ze loossen, ma nach méi wichteg ass et, erëm dovunner lass ze kommen.

Et ass immens wichteg ëm Hëllef ze froen, sech dofir ze schummen ass de falsche Wee. Et ass normal heiansdo op Ënnerstëtzung ugewisen ze sinn. Mir kënne bei eng Vertrauenspersoun goen oder eng professionell Persoun consultéieren, dobäi ass den Hausdokter dacks déi éischt Ulafstell.

Och kierperlechen Training kann hëllefen, dobäi gi verschidden Hormoner fräigesat, déi Wuelbefanne simuléieren. Wien näischt vu Sport hält, kann seng Ängschten natierlech kreativ verschaffen.

Konscht ka bei villem hëllefen.

Also sprangt iwwert de Schiet vun der Iwwerfuerderung, der Angscht, den Zweiwel an de Scholdgefiller. Léiert si kënnen, léiert vun hinnen a fannt Äert Wuelbefannen erëm.

Lieft!

https://www.kjt.lu/de/elterentelefon/

https://454545.lu/de/

https://www.slp.lu/de/ein-psy-finden/

Dernières nouvelles