Vullegripp zu Lëtzebuerg: Quarantaine-Moossnamen falen ewech

Nodeems Enn 2021 verschidde Preventiounsmoossnamen zu Lëtzebuerg agefouert goufen, fir eng Verbreedung vun der Vullegripp ze verhënneren, wäert d’Quarantaine ab dem 1. Abrëll entfalen.

Wärend 3 Méint huet d’Veterinärsverwaltung keng nei Kontaminatioun bei Vullen a Gefliggel verzeechent. D’Reegele vun der genereller Hygiène an der Biosecuritéit mussen natierlech weiderhi befollegt ginn.

Sollt en anormalen Dout bei engem Déier festgestallt ginn, muss ee sech schnellstens bei der Veterinärsverwaltung mellen (info@asv.etat.lu oder Tel.: 247-82539)

Dernières nouvelles