Verschidden Impfzentre maachen zou

Vum 16. Abrëll um 13 Auer maachen déi zwee Impfzentren um Esch-Belval an Ettelbréck, esou wéi ënnerschiddlech Pop-Uppen hier Dieren zou.

All Persoun, déi hier éischt Impfdosis no dem 19. Mäerz an engem vun dësen Zentren hat, kann sech ouni Rendezvous an der Victor Hugo Hal, der Apdikt oder bei engem Dokter picke loossen.

D’Lëscht mat den Apdikten oder Generalisten, déi matmaachen, kann hei agesi ginn.

Och Pop-Up-Impfungen an engem Akafszenter falen ab de 16. Abrëll ewech. Deen op der Gare mécht well de 15. Abrëll zou.

Dofir gëtt den Impfbus erëm agefouert, am Laf vum Abrëll wäert dësen op den ënnerschiddlechste Parkplazen oder bei Veranstaltunge stoen.

Wou genau dat ass, kann hei agesi ginn.

Dernières nouvelles