D’Lëtzebuerger Prisongen kréien elo en eegene Service, fir mat Drogespierhënn no illegale Substanzen ze sichen. Heivir goufen déi zwee Malinoisen Haze a Vic mat hire Meeschteren ausgewielt.
D’Ekipp aus Zwee- a Véierbeener mécht aktuell déi theoretesch a praktesch Formatioun bei der Douanesverwaltung am Service vun der Inspektioun géint Drogen a sensibel Produiten (IADPS). Duerno wäerte si sech um Site zu Giwenech installéieren a reegelméisseg Kontrollen an den 3 Prisonge vum Land maachen.
Bis ewell gouf dës Aarbecht vun der Police an der Douane iwwerholl.