De Vincent Van Gogh: Wat ass den 23. Dezember wierklech passéiert?

De Kënschtler Vincent Van Gogh war kee Mann, dee fir seng emotional Stabilitéit bekannt war. Och hautdesdaags gëtt nach iwwer säi geeschtegen Zoustand spekuléiert.

Fir déi meescht ass hien ee Mann, deen sech d’Ouer ofgeschnidden huet an et enger Prostituéiert iwwerreecht huet. Dat ass villäicht een Deel vun der Wourecht – an ewéi sou dacks gëtt uerdentlech iwwerdriwwen.

A Wierklechkeet war et net d’Ouer selwer, mee d’Ouerläppchen. No e puer Woche schlechtem Schlof, schlechter Gesondheet a vill Aarbecht ass hie wuel u seng Grenze komm. Dat kann een zum Beispill mam Zesummebroch vun der amerikanescher Sängerin Britney Spears vergläichen, wat sech viru Joren de Kapp mat enger Tondeuse raséiert huet.

Zu dësem Tëschefall mam Van Gogh koum et warscheinlech och duerch seng Zesummenaarbecht mam franséischen Kënschtler Eugène Henri Paul Gauguin. Si haten komplett ënnerschiddlech Charakteren a sinn dacks net laanschteneen komm.

Streidereien iwwert d’Konscht hunn zum Alldag gehéiert. Dobäi huet de Gauguin dacks probéiert friddlech ze bleiwen, mee d’Mooss war voll. Hie wollt aus dem « Gielen Haus » plënneren, wat déi zwee Kënschtler zesumme bewunnt hunn.

Den 23. Dezember koum et zu enger hefteger Streiderei, déi esou eskaléiert ass, datt de Van Gogh sech mat engem Raséiermesser, een Deel vum Ouerläppchen ofgeschnidden huet. D’Fro, déi sech nach ëmmer stellt, ass firwat déi Prostituéiert dat Stéck kritt huet? Domat wäerte Konschtwësseschaftler nach laang beschäftegt sinn.

Um Hellegowend huet d’Police de liewegen, awer schwaache Kënschtler fonnt. Hie selwer huet keng perséinlechen Opzeechnungen iwwert dës Nuecht hannerlooss. Et kann also éiweg weider spekuléiert ginn. Wat sécher ass, ass de Vincent Van Gogh säi Kampf géint säi Geeschteszoustand e puer Méint drop verluer huet.

Am Alter vu 37 Joer ass de Kënschtler vun eis gaangen. Hien ass den 27. Juli 1890 un de Folge vun enger Schossverletzung gestuerwen, déi hie sech warscheinlech selwer zougefüügt huet.

Dernières nouvelles