Utøya virun 11 Joer 

Säit dem Attentat um Freideg Nomëtteg virun 11 Joer ass op der norwegescher Insel Utøya wuel näischt méi, wéi et emol war. Beim engem Attentat an der Vakanzekolonie ginn zuelräich jonk Mënsche brutal vum Anders Breivik niddergeschoss. Kuerz virdrun huet hien zu Oslo eng Autobomm gezünt, woubäi déi éischt Doudeg a Blesséiert vum Dag gezielt gi sinn.

Eigentlech stoungen d’Aarbechter aus dem Regierungs- an Zeitungsvéierel an der norwegescher Haaptstad kuerz virun hirem Weekend. Géint 15:25 Auer geet eng Bomm an d’Luucht, duerch déi am Ganzen 9 Mënsche stierwen an eng Dose Persounen blesséiert ginn. Datt hannert dëser Attack een Norweger mat strikte politeschen Idealer stécht, wousst zu dësem Zäitpunkt nach keen.

Wärend Ambulanzen a Poliziste lues a lues op der Plaz vun der Dot ukomm sinn, war den 32 Joer jonken Attentäter längst mam Fluchtauto um Wee fir bei säin nächst Zil. Säit Joerzéngten organiséiert déi regéierend Aarbechterpartei op der klenger Insel, déi ronn 30 Kilometer vun Oslo ewech läit, eng Vakanzekolonie fir d’Membere vun hirer Jugendorganisatioun. Am Joer 2011 waren et ronn 550 Jugendlecher, déi zu Utøya eng flott Zäit verbrénge wollten…

Kuerz viru 17 Auer ass de Breivik schliisslech, getarnt als Polizist, bei der Fär ukomm. Mat der Ausso, datt hien déi Jugendlech iwwert d’Explosioun an der Haaptstad informéiere wéilt, huet een de Mann eriwwer gelooss. Déi meescht Eltere vun de Kanner schaffen nämlech am Regierungsvéierel, wouduerch een dem falsche Polizist seng Ausso net ugezweiwelt huet.

90 Minutte Schëss

Scho bei den éischte Schrëtt op der Insel huet ee richtege Polizist gemierkt, datt de Breivik kee Kolleg ass. Soumat huet den Attentäter direkt säin éischt Affer fonnt. Iwwer annerhallef Stonn huet sech uschléissend de Massaker gezunn. Déi meescht Kanner a Jugendlech sinn dobäi aus noer Distanz erschoss ginn. Esou hunn 68 Mënschen hiert Liewe gelooss, bis datt den Norweger endlech gestoppt konnt ginn.

Generell gëtt den Attentäter als sozial isoléiert an narzisstesch ugesinn. Säin Zil als politeschen Terrorist wier et, d’Land vu Feministen, Lénksliberalen an de Leit, déi fir Migratioun astinn, ze befreien. Viru Geriicht gëtt de Breivik spéider un, datt hien ënnert anerem och de Ministerpresident Jens Stoltenberg, sou wéi de sozialdemokratesche Ministerpresident Gro Harlem Brundtland ëmbrénge wollt. De Video vum Mord sollt uschléissend am Internet verbreet ginn.

Ee gutt Joer méi spéit, am August 2012 ass hien zu 21 Joer Prisong mat uschléissender Sécherheetsverwarung veruerteelt ginn. Den Norweger war allerdéngs der Meenung, datt seng Isolatiounshaft géint d’Mënscherechter verstéisst. Senger Meenung no wieren déi zuelräich Kontrollen onnéideg, de wéinege Kontakt zur Baussewelt onmënschlech an d’Pirsongsiessen ongenéissbar. No de Verhandlungen huet de Justizminister Anders Anundsen matgedeelt, datt ee weiderhin dem Breivik seng Haftbedingungen net als erniddregend ugesäit.

Och bei den neie Verhandlungen Uffank des Jores gouf dem Breivik seng Demande zur Haftentloossung op Sourcis ofgelehnt.

Dernières nouvelles