„Prinum non nocere“ – Fir en ethescht a moralesch Handele vun eise Lëtzebuerger Medezinner

Mam oppene Bréif „Prinum non nocere“ riicht sech d’Biergerinitiativ Stop5G Lëtzebuerg Asbl un all Dokteren an Acteuren aus dem Gesondheetsberäich am Land. Gefuerdert gëtt en ethescht Handele vun de Medeziner am Bezuch op den Ausbau vum 5G-Reseau, d’Aféiere vun engem Virsiichtsprinzip an de Stopp vun der Implantatioun, bis datt seriéis an onofhängeg Laangzäitstudien duerchgefouert goufen.

D’Biergerinitiativ hält um antike Grondsaz fest, bei dem e moralescht Handele vun Doktere gefuerdert gëtt. Enger Persoun kee Schuet zouzefügen heescht net just, si kenger direkter Gefor auszesetzen, mee och eppes géint dat Schlecht ze ënnerhuelen.

Am Fokus vun der Biergerinitiativ Stop5G stinn de Schutz vun eiser aller Gesondheet, eng gesond Ëmwelt a Privatliewen. All dës Beräicher si bedreet, wat am Oppene Bréif mat zwou gréisser Etüden vun 2018 zu de Schiet, déi duerch Radiofrequenzen entstinn, ënnerstrach gëtt.

Heibäi hunn den amerikaneschen National Toxicology Programm an dat italienescht Institut Ramazzini de Bologne wärend 10 Joer Versuchsdéieren all Dag fir 19 Stonnen enger Stralung vun 1,8 Ghz ausgesat. Dëse Wäert sollt eigentlech nach als ongeféierlech gëllen, an awer si bei den Déieren Tumoren entstanen an hir Entwécklung hin zu Kriibs ugedriwwen.

Aner Studien géifen Verännerung vun der DNA beweisen, Stéierung vum Häerzschlag, neurologesch Problemer, Insomnie, Problemer vum Metabolismus oder och der Fruchtbarkeet. All dës Etüde bezéie sech op d’Stralung vun engem Apparat, dobäi si mir hautdesdaags zuelräiche verschidden Apparater ausgesat, wouduerch scho Bëbeeën a kleng Kanner bedreet sinn.

Den Ausbau vum 5G géif weider Risiken an uerg Probleemer mat sech bréngen. Déi wéineg Ëmweltdokteren déi et gëtt, schätzen datt 5 % vun der Bevëlkerung vu weider entwéckelte Länner ënnert enger Hyper-Elektrosensibilitéit leit. Dobäi kommen aner Ëmweltkrankheeten.

Aus dësem Grond appelléiert d’Biergerinitiativ Stop5G un déi ethesch a professionell Roll vun de Lëtzebuerger Medezinner. Gefrot gëtt ganz direkt, ob Dokteren an anert Gesondheetspersonal iwwert gesondheetlech Effekter vu elektromagnéitescher Stralung op de mënschleche Kierper Bescheed wëssen, awer och ob si en Diagnostik vun der Elektrosensibilitéit bei engem Patient maache kënnen an deementspriechend och déi richteg Rotschléi fir den Alldag ze ginn.

Gläichzäitegt gëtt op divers Appeller vun Dokteren verwisen, déi de Stopp vum Ausbau vum 5G-Reseau fuerderen. Einfach Alternativen géif et aktuell ginn, et misst een se just direkt asetzen.

De kompletten oppene Bréif mat enger ganzer Rei Annexen a Quelle fannt Dir HEI.

Dernières nouvelles