Somalia: Dréchent a Konflikter gefäerden d’Bevëlkerung

An der Regioun Galgaduud zu Somalia ass d’Situatioun dramatesch. Méi ewéi 300.000 Mënschen sinn vun der Dréchent betraff. Den Ausnamezoustand gouf ausgeruff, well Dausende vu Mënschen hier Haiser verlooss hunn. D’Sich no Nierungsmëttel a Waasser huet si dozou gedriwwen.

Brutal Konflikter erschwéieren d’Situatioun gewalteg. An der Stad Guriel, am Zentrum vu Galgaduud liewe ronn 100.000 Mënschen déi besonnesch uerg betraff sinn. Enn Oktober ass et verschäerft zu Konflikter tëscht der somalescher Arméi an der Grupp Ahlu Sunnah Wal Jama’a komm. Dosende vu Mënschen koumen ëm d’Liewen, d’Awunner hu missen an Nopeschdierfer flüchten.

„Dës Dréchent ass déi Schlëmmst, déi ech bis elo erlieft hunn. Och d’Konflikter hunn d’Mënschen verdriwwen. Dat passéiert alles gläichzäiteg,“ seet den Hashim, een eeleren Awunner vun Guriel.

De schwéiere Beschoss huet wichteg Infrastrukturen beschiedegt, dorënner d’Haaptspidol vun der Stad. Ee Feier huet een zweet Spidolsgebai zerstéiert. Dës Ariichtung huet ville Mënschen (an engem Ëmkrees vun 100 Kilometer) mat ënnerschiddlechen Déngschtleeschtungen gehollef – ambulant an intern Consultatiounen, Gebuertshëllef an Impfungen. Dat fält elo ewech.

„Et sinn ewell e puer Leit heihinner komm, well se gemengt haten d’Spidol géing nach existéieren. Si haten d’Noriicht nach net héieren, » huet den Dr. Ali Omar Tarabi, Virstandsmember vum Spidol erkläert. Doduerch huet den Drock, op déi medezinesch Ariichtungen, déi gebliwwe sinn, zougeholl.

Honnertdausende vu verzweiwelte Mënsche liewen an provisoresche Siidlungen. E puer vun hinnen, sinn duerch déi jéngst Konflikter verdriwwe ginn. Et si schwiereg Liewensbedingungen – d’Gewalt, kee Waasser, keen Iessen, kee richtegen Ënnerdaach a keng Gesondheetsvirsuerg.

Duerch dës Ëmstänn huet den Internationale Comité vum Roude Kräiz dofir gesuergt, datt dës Mënschen elo wéinstens mat Waasser versuergt ginn. Ee Camion versuergt 17 Dierfer op dës Manéier. Och eng mobil Gesondheetsekipp soll fir déi grondleeënd Gesondheetsvirsuerg garantéieren.

An der Tëschenzäit bleiwe vill Butteker zu Guriel zou. Et wäert laang daueren, bis datt den entstanenen Schued behuewe ka ginn.

Dernières nouvelles