Sëtzblockade bei der Chamber a weider Demoe geplangt

Eréischt en Dënschdeg goufen eng ganz Rei un Demonstratioun an Aktiounen ugekënnegt, bei deenen d’Participanten un de Feierdeeg géint déi sanitär Moossnamen an d’Ausgrenzung vun den Ongeimpfte Zeeche setze wëllen. Ma, haut soll och d’Chamber zum Zil vun den Demonstrante ginn.

Zwee Deeg ass et hir, datt d’Ministere Bettel a Lenert matgedeelt hunn, datt, virun allem duerch d’Verbreedung vun der Omikron-Variant, kuerzfristeg Upassungen un de sanitäre Moossname virgeholl ginn. Dat dozou gehéieregt Gesetz soll haut an der Chamber gestëmmt ginn. D’Entrée vum Gebai wäert eventuell duerch eng Sëtzblockade verspaart ginn.

Dës Blockade soll friddlech oflafen an eleng duerch d’Presenz vun den Demonstranten weisen, datt si net averstane si mam neie Gesetz.

Sëtzblockade bei der Chamber
Twitter

Zousätzlech dozou sinn haut am Nomëtteg, wéi och op Chrëschtdag Manifestatiounen an den ausgewisenen Zonen – tëscht dem Glacis an der Europaplaz – geplangt. D’Police ass am Asaz, fir d’Sécherheet an déi allgemeng Uerdnung ze erhalen, awer och fir datt de Verkéier net gestéiert gëtt.

Sëtzblockade bei der Chamber
Police / Twitter

Dernières nouvelles