Sea-Eye mécht Plainte géint AfD-Politiker

D’Séinoutrettungsorganisatioun Sea-Eye mécht Plainte géint den AfD-Politiker Pazderski. De Verdacht? Hien soll Steiergelder ënnerschloen hunn.

An et geet nach méi wäit. D’Fro déi sech hei stellt ass, ob de Politiker seng Verbindlechkeeten aus engem verluerene Prozess mat dëse Steiergelder beglach huet. Dat wär ee staarkt Stéck.

Dëse Verdacht besteet, nodeems d’Landesgeriicht Berlin am leschte Joer eng Verfügung vun der Organisatioun Sea-Eye erlooss huet. Dës gouf am Mäerz mat engem Urteel bestätegt.

« De fréiere Fraktiounsvirsëtzende vun der AfD war schonn nodeems d’Verfügung ausgeschwat gouf verpflicht, d’Käschten ze ersetzen, déi eis entstane sinn. Nodeems hien dëst net wärend den entspriechende Fristen gemaach huet, huet eisen Affekot fir d’éischt seng Bezich als Deputéierten saiséiert. Beim Absender vun der Iwwerweisung stoung allerdéngs net den Pazderski selwer, mee seng Berliner AfD-Fraktioun drop », erkläert den Gordon Isler, Virsëtzende vu Sea-Eye.

Nodeems d’Landesgeriicht d’Plainte vum fréiere Politiker ofgewisen huet, huet d’Fraktioun vun der AfD och weider Käschten – iwwer Dausende vun Euro iwwerwisen.

« Bei der Fraktiounskeess handelt et sech ëm Steiergelder an ëffentlech Mëttel aus dem Haushalt, déi net fir privat Verbindlechkeeten vun engem Politiker agesat däerfe ginn. No eiser Opfaassung vu Recht, ass dat strofbar. Dofir hu mir d’Staatsanwaltschaft Berlin ageschalt, déi ermëttelen elo », seet den Jeremias Mameghani, deen Sea-Eye als Affekot vertrëtt.

D’Staatsanwaltschaft wäert an dësem Kader och iwwerpréiwe mussen, ob de Pazderski oder och aner Persounen d’Käschten vum Verfaren vun der Fraktioun an domat aus Steiergelder bezuelt hunn. Domat sinn net nëmmen déi eegen Affekotskäschten, mee och d’Geriichtskäschte vun 1.800 Euro gemengt.

« D’Fraktiounsgesetz vum Land Berlin bestëmmt eendeiteg, fir wéi eng Zwecker dës Gelder verwennt däerfe ginn, » füügt den Jeremias Mameghani nach bäi.

Dernières nouvelles