Sanktiounssommet fir eng humanitär Kris

Europäesch Ausseminister leien sech an den Äerm a beschléissen neit Sanktiounsinstrument

Bei hirem Treffen zu Bréissel, hunn déi europäesch Ausseminister um Méindeg, zesumme mat de Vertrieder vun der „Defense“, Ofwiermoossname géint dat wäissrussescht Aschleise vu Migranten an d‘EU beschloss. Déi nei Sanktioune riichten sech – mir hu scho bericht – an éischter Linn géint Entreprisen an soss Acteuren, déi dem Minsker Regimm heibäi eng Hand upaken.

Schonn d‘Ukënnegung vun de Sanktiounen déi lescht Woch hat Wierkung gewisen. Esouguer an der Tierkei huet een, ëmmerhin huet et als NATO-Partner an EU-Migratiounsréckhaltebecken (fir dat jo net nëmmen Entschiedegungen e Milliardenhéicht gëtt). Och aner Länner hunn entscheet, Staatsbierger aus gewëssen arabesche Länner net méi a Wäissrussland ausreesen ze loossen.

Gëschter hunn sech d‘Chefdiplomaten ënnert der Presidence vum EU-Aussepolitikmanager Josep Borrell Fontelles drop verstännegt, datt wann et net méiglech ass mat Sanktiounen de Regimm a Wäissrussland an Knéien ze zwéngen, datt muss sech privatwirtschaftleche Partner vum Alexander Lukaschenko ugeholl ginn. Dat kléngt no engem Plang, leider huet een et mat Politiker ze dinn.

Sécher, maximal Sanktioune géint déi staatlech Fluchgesellschaft Belavia, déi jo de Misär opgräift fir en un de pickegen Drot vun den europäesche Grenzen ze hänken, ass ee gutt Instrument. Elo soll dës Fluchgesellschaft, keng Fliger méi notzen dierfen, déi vun an der Unioun usässege Konzerner verleast ginn. Esou soll d‘Transportcapacitéit fir Mënschen aus Krisegebidder reduzéiert ginn.

Wien verléint Diktature Fligeren?

Datt Wäissrussland eng Diktatur ass, ass elo net nei, an et ass erlaabt ze behaapten, datt esou grouss Entreprise wéi: Nordic Aviation Capital (Dänemark) an AerCap (Irland) de Regimm ëmmer gären a senger Entwécklung vun der Loftfaart ënnerstëtzt hunn. Geld, respektiv den erhoffte Profit aus de Geschäfter mat Diktaturen, huet bekanntlech ee wäitaus héijere Stellewäert wéi Mënscheliewen.

Anescht ausgedréckt: Jorelaang huet d‘Politik dëse Business gefërdert a gedeckt. Domadder ass elo Schluss, allerdéngs just betreffend den Alexander Lukaschenko, den NATO- an Handelspartner Tierkei, dierf d‘Migranten/Flüchtlinge weider als Spillball géint déi esou erfollegräich europäesch Aussepolitik asetzen. De 74 järege Spuenier ass awer scho ganz zefridde mat den éischte Resultater.

Sanktiounssommet
© European Union

Hie stellt fest, datt déi Europäesch Unioun den Zoustroum vu Migranten/Flüchtlingen, déi vu Wäissrussland illegal an d‘EU awandere wëllen, esou lues géif an de Grëff kréien. Wat dat fir déi gutt 3.500 Mesche bedeit, déi beim polnesche Grenziwwergang Kuznica tëscht de Fronte gefaange sinn? Dat ass u sech egal, well et déi meescht Europäer net interesséiert. Mir hunn eege Wäerter…

An de polnesche Geheimdéngscht behaapt jo weiderhin, datt dës Migranten/Flüchtlingen sech elo géifen organiséieren, fir d‘Grenz mat Gewalt ze iwwerwannen. Datt Polen sech allerdéngs all déi rechtlech Mëttel ginn huet, fir ze verhënneren, datt eng onofhängeg Berichterstattung aus dem Grenzberäich méiglech ass, dierf als „bedenklech“ genannt ginn. Mee gutt Polen a Pressefräiheet.

Ofhängegkeete respektéieren

Elo huet jo ausser den europäeschen Ausseminister, nach de russeschen Zar Vladimir I. politesch Interessen. Moskau huet dem Alexander Lukaschenko scho matgedeelt, datt dem Transit vum russesche Gas a Richtung Europa muss weiderlafen. Deen hat jo gedreet de Krunn zouzedréinen. De Kreml huet allerdéngs och a Syrien een zolidd Wuert matzeschwätzen, an dat wierkt gutt.

Sanktiounssommet
© European Union

Esou huet déi syresch Fluchgesellschaft Cham Wings erkläert seng Flich mat Wäissrussland voll a ganz anzestellen. Déi irakesch Regierung, déi esouwuel finanziell wéi militäresch weiderhi vun de krichsdreiwenden Natiounen ofhängeg ass, geet nach ee ganze Schratt méi wäit. Si organiséiert den 18. November ee Fluch fir all Iraker, wou „fräiwëlleg“ zeréck an d‘Misär an an d‘Aarmut wëllen.

Dat kléngt mindestens esou interessant, wéi et eng gewësse politesch Ënnerwerfegkeet net vun der Hand weise kann. Do kann esouguer den Diktator behaapten, hie géif de Leit ee Retour an hir Länner – wou si Honger, Leed a mäerderesche Milizen ausgesat sinn – erméiglechen. An Europa sollen dës Hongerleider awer op kee Fall areesen dierfen, da léiwer op der Grenz erféiere loossen.

mat indymedia/bru

Foto: © European Union

Dernières nouvelles