E Lëtzebuerger, e Kënschtler, e Mythos: 50 Joer Karriär vum Robert Brandy

Nach bis den 28. November 2021 ass am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht (MNHA) en halleft Joerhonnert kënschtleresch Entwécklung a Schafe vun engem Lëtzebuerger Artist ze gesinn, deen no Onofhängegkeet gestrieft an de Status vum fräischaffende Kënschtler hei am Land duerchgesat huet: De Robert Brandy konnt sech schnell national an international en Numm maachen.

Mir fueren op déi drëtt Etage vum Musée, fir d’Rees vun de 70er Jore bis haut ze starten. Ugefaangen gëtt mat enger Rei Wierker, déi an der Zäit entstane sinn, wou de Brandy d’Konschtschoul a Südfrankräich besicht an do vu sengem Proff Vincent Bioulès nohalteg beaflosst gouf. Seng Experimentéierfreedegkeet konnt sech doduerch entfalen.

Wärend dem Enn vun de 70er Joren huet hie schliisslech minimalistesch Elementer genotzt fir Grousses ze erschafen. Bei senger Wäisser Period geet et och ëm d’Spill mat der Transparenz, eidel Flächen ervirzehiewen an och den hëlzene Kader vun der Toile am Wierk ze integréieren. Doduerch koum d’Kräiz eraus, dat och an anere Perioden ze fanne wäert sinn.

Mat dëse Kreatiounen duerft de Robert Brandy 1980 Lëtzebuerg bei der 6. Biennale vu Paräis am Musée vun der moderner Konscht representéiert.

Robert Brandy
© Shari Pleimelding / moien.lu

Zur selwechter Zäit huet den Artist sech mat sougenannten „integréierten Installatiounen“ amuséiert. Verschidden Elementer a Materialien goufen an enger Boîte placéiert, esou an Zeen gesat a gläichzäiteg geéiert. Esou war et méiglech d’Objeten aus hirem natierlechen Ëmfeld erauszehuelen an d’Opmierksamkeet unzezéien.

D’Expo „Robert Brandy im Angesicht seiner selbst“ weist e Kënschtler, deen no Onofhängegkeet gestrieft huet an d’Konscht zu sengem Beruff maache wollt. Wat fir d’Lëtzebuerger eppes ganz Neies war, huet dem Artist schliisslech d’Dieren opgemaach. Esou hätte Galerien, Muséeën an Organisateure vun Expoen vill Wäert drop geluecht, datt Konscht net just eng Tätegkeet niewebäi ass, mee eng Beruffung ass.

Als Visiteur léiere mir de Bolitho Blane, dem Brandy säin Alter Ego kennen, fanne verschidden Elementer wéi beispillsweis d’„pommes cézaniennes“ ëmmer erëm a bemierken, datt den Artist duerch Akzenter d’Geschicht festgehalen huet.

Robert Brandy
© Shari Pleimelding / moien.lu

Ufank 1980 konnt de Kënschtler säi Wee zeréck zu de Faarwe fannen an huet säi ganze artistesche Vocabulaire agesat. Hei huet hien ugefaangen den Titel an den Entstéiungsdatum direkt am Wierk ze integréieren, an huet divers Technike gemëscht fir op säi Resultat ze kommen.

Den Ofschloss vun der Ausstellung maachen dem Brandy seng Auto-Portraiten, duerch déi hien d’Léift zu historesche Gefierer an d’Passioun fir d’Konscht verbanne konnt. An dësem Beräich kann een de Kënschtler hautno duerch e Film kenneléieren.

Robert Brandy
© Shari Pleimelding / moien.lu

Wie méi iwwert de Robert Brandy gewuer wëll ginn, dee sollt déi lescht Geleeënheet notzen, fir d’Expo am MNHA ze besichen.

Dernières nouvelles