Resilient géint d‘Äerderwiermung virgoen

Zanter Enger Woch schonn, gëtt an Schottland d‘COP26 ofgehalen. Hei treffen sech déi Grouss an déi Kleng Dirigente vun der Welt- a Wirtschaftspolitik. Déi vun de Vereenegten Natiounen (UNO) organiséiert 26. Weltklimakonferenz gouf um Freideg schonn als Feelschlag bestätegt, wat dann hei awer déi gréng (Sektioun Stad) net dovunner ofgehalen huet, eege Proposen an d‘Welt ze setzen.

Geet et den déi gréng no, da sollt d‘Stad Lëtzebuerg zum Virreider a punkto Resilienz géintiwwer eben der Äerderwiermung an dem Klimawandel ginn. An dësem Kontext goufen ee Freideg eng ganz Rëtsch Méiglechkeeten a Pisten erläutert, déi een zäitno sollt an Ugrëff huelen, wann engem dann déi eegen Ziler, mee virun allem de Paräisser Accord, vu Bedeitung sinn. An jo et kléngt gutt.

Als eng vun de prinzipielle Moossnamen – also eppes wat längst sollt a Kraaft gesat sinn – gesinn déi gréng den Ausbau an d‘Erweiderung vun de Foussgängerzonen, Vëlospisten an de sougenannte gedeelte Raim. Den Tram soll dann och nach weider ausgebaut, also iwwert déi bestoend Pläng eraus a méi generell soll dem ëffentlechen Transport d‘Prioritéit ageraumt ginn. Da kéint klappen.

Wou et eppes méi laangwiereg dierft ginn, woubäi d‘Iddi schonn déi richteg ass, ass dat mat der Fërderung vum sougenannte Co-Voiturage. Datt déi gréng sech dann och wëllen dem Parksystem unhuelen, also engersäits Parkplaze sollen ofgebaut ginn an anersäits méi Luedstatiounen fir eis eAutoen sollen opgeriicht ginn, läit am generellen Trend, aner Haaptstied hunn do Virsprong.

Eng modern Stad ass Klimaneutral

Mee déi gréng sinn och weider drop agestallt, sech méi generell dem Wandel vum urbane Raum zouzewennen. Si fuerderen eng déifgräifend Reform vum generellen Amenagementsplang (PAG) an dem Bautereglement. Si verlaangen eng Strategie vun der klimatescher Upassung. Doriwwer eraus sollen op all Dag op deem et sech maache léist, Solar-/Photovoltaikanlagen installéiert ginn.

Dat zumindest op allen Diech vun de Gebaier déi der Stad gehéieren an och entspriechend Potential opweisen. Parallel dozou brauch en Agenda fir déi energetesch Renovéierung vun allen der Stad gehéierende Baulechkeeten. An dësem Kontext soll sech d‘Stad Lëtzebuerg och vum Gas lass soen, eng Energie déi nach als Haaptenergiequell fir d‘Heize vun de Gebaier genotzt gëtt. Dat geet?

Fir d‘Solarenergie ze fërderen, roden déi gréng derzou, iwwert déi staatlech Hëllefen eraus, de Proprietären a Spekulante finanziell zur Säit ze stoen, fir Photovoltaikanlagen op den Diech a klimaneutral Heizungsanlagen anzebauen. Doriwwer eraus misst d‘Stad kollaborativ ginn an eng Null-Ofall-Politik duerchsetzen. De Bierger soll och méi an d‘Entscheedungen agebonne ginn.

Illustratioun: © déi gréng

Annex: Luxembourg Ville: neutralité climatique – Façonner dès maintenant la ville de demain

Dernières nouvelles