Net Äppel mat Biere verwiesselen (Kommentar)

Zanter enger Rei Woche fënnt Freidegowes ëmmer déi sougenannten „Marche Blanche Silencieuse“ (MBS) statt, engem Mouvement an deem jidderee wëllkomm ass, dee sech géint d‘Mesure vun der Regierung am Kontext vun der Covid19-Pandemie opleenen. D‘Polonaise Solidaire dogéint, ass ee Mouvement, wou zanter engem Joer ëmmer Samschdes duerch d‘Stad zitt, an si hunn entgéint der MBS, keng Ofleenung géintiwwer de Medien a géife gäre vun dëse méi Berécksiichtegt ginn.

An dësem Zesummenhang huet ee gudden a verständleche Communiqué ginn, engersäits fir den nächste Samschdeg (20. November) den 52. Samschdeg ënnert dem Motto „Saturday for Liberty & Polonaise Solidaire mat Party in the City“ ze annoncéieren. Mir hate jo ganz offiziell erkläert de Message, respektiv d‘Opfuerderung vun de Leader vun der MBS, si net méi an de Mond ze huelen, verstanen ze hunn an dat ze respektéieren, also vu weidere Berichterstattungen ofzegesinn.

Wann dann elo nach erkennbar ass, datt et sech wuel ëm zwee ënnerschiddlech Mouvementer handelt, esou huet leider Iwwerschneidungen, déi engem nees Kappzerbrieches maachen. Esou ass ee gewësse Peter Freitag, esouwuel an deem enge, wei an deem anere Mouvement an aktiver Roll present. A well ee wuel iergendanzwousch muss Grenzen zéien, ganz ofgesinn datt mir d‘Grënn an d‘Leit méi allgemeng, respektéieren – nëmmen esou geet Demokratie – ass et elo einfach gutt.

Et huet méi wichteg Themen – esouguer am Liewe vun engem(r) Journalist(in) – wéi sech ëmmer déi selwecht Argumenter, mat den Hoer erbäigezunne Fakten déi bannent Minutten ze entlarve sinn, fir sech mat esou eppes ze befaassen. Dat festgestallt, wäerte mir eis awer och weiderhin all Freiden a Samschden iwwert béid Opmärsch freeën. Awer just well et beweist, datt d‘Demokratie nach lieweg ass. Mir wäerten och weiderhi kengem béis sinn wou do matmécht, jiddereen huet ee Recht drop.

Dernières nouvelles