D’Lëtzebuerger Prisongen am neien Design

No der Police ass elo och déi visuell Identitéit vun de Lëtzebuerger Prisongen ugepasst ginn. Ënnert dem neie Slogan „Acteur de sécurité – créateur de perspectives“ an dem moderne Logo mat Referenz zum Roude Léiw soll op d’Wäerter vum Prisong verwise ginn.

D’Justizministesch Sam Tanson an de Serge Legil, Direkter vun der Prisongsverwaltung hu bei der Pressekonferenz e puer Hannergrondinformatiounen zur neier visueller Identitéit ginn. Mam Gesetz vum 20. Juli 2018 zur Reform vun der Prisongsverwaltung sollt sech nämlech a Saachen Design eppes doen.

Neie Logo fir d'Prisongen
(v.l.n.r.) Serge Legil, Direkter vun der Prisongsverwaltung; Sam Tanson, Justizministesch; Martine Wagner, Prisongsverwaltung; Laurent Grass, strategeschen Direkter vun der Agence Iola © Prisongsverwaltung

Fir den Emblème gouf sech um Policelogo inspiréiert. Ze gesinn ass op den éischte Bléck e Léiwekapp mat den Nationalfaarwen ronderëm, déi natierlech fir d’Lëtzebuerger Land stinn. Ma, de Krees op der Stier ass weder en drëtt Aen, nach en indesche Bindi – et soll e vereinfachte Kapp vun engem Mënsch sinn, dee mat de Forme ronderëm zu enger ganzer Figur gëtt.

Domat wëll d’Prisongsverwaltung op seng Wäerter – Mënschlechkeet, Engagement a Gerechtegkeet – verweisen. A fir datt dës Wäerter vum Personal och wärend der Aarbecht respektéiert ginn, goufen se an enger Charta festgehalen an e Verhalensguide erstallt. De Logo wäert an Zukunft op verschidde Supporten erëm ze fanne sinn, wéi och natierlech op der Tenue vum Prisongspersonal.

Dernières nouvelles