Et war nees allerhand lass

Datt de Weekend ëmmer eppes méi ustrengend fir eis Polizisten ass, an dëse scho Freides ufänkt, bréngt mat sech, datt och de Bericht vun der Police ëmmer méi laang gëtt. An d‘Nouvelle si weder erfreelech nach berouegend…

Esou heescht dann och nees, datt um Freidegnomëtteg eng Persoun um Kommissariat erschéngen ass, déi uginn huet, an engem Bistro zu Bouneweg, vun enger anerer Persoun ugegraff a blesséiert ginn ze sinn. De vermuttlechen Täter hunn d‘Beamten dann och op genannter Adress ugetraff. Et goufen Zeie befrot, déi uginn hunn, datt sech béid Kontrahenten an d‘Hoer kritt haten. Am Verlaf vun den Handgräiflechkeete soll de vermuttlechen Täter d‘messer gezéckt an de Géigner blesséiert hunn. Dësen ass dann op Uerder vum Procureur festgeholl ginn. D‘Affer, dat nëmme liicht Blessen hat, konnt nodeems hie verpléischtert ginn ass, d‘Kommissariat verloossen.

Gewaltbereet Raiber

Och ee Freideg, dat dann an de fréien Owesstonnen (19.30 Auer) gouf an der Stad eng Persoun am Park Péitruss vu vermuttlech véier Brigangen ausgeraibert. D‘Täter – 3 Persoune vun donkeler an 1 Persoun vu heller Hautfaarf – sollen d‘Affer bedrängt an dësem den Handy, seng Turnschong (Mark Nike) d‘Boergeld, d‘Jackett an en externen Zousaz-Akku fir den Telefon ofgeknäppt hunn. Wéi se hate wouno si begiert hunn, hu sech d‘Rabbelkäpp aus dem Stëbs gemaach. D‘Ermëttlunge lafen.

Eng hallef Stonn méi spéit gouf der Police dann nach e versichten Iwwerfall um Belair gemellt. Géint 20 Auer sollen dräi Persoune géintiwwer dem Affer handgräiflech gi sinn a versicht hunn dësem de Handy ofzehuelen. Et sollt beim Versuch bleiwen, well wéi aner Persoun mam Auto bäigefuer ass, hunn d‘Helden sech als alternativ sportlech erwisen an d‘Féiss an d‘Gräpp geholl. Si haten sech a Richtung Avenue vum X. September verfuusst. Déi ageleete Sich no de Rabbelkäpp war leider net vum Erfolleg gekréint. Och hei lafen d‘Ermëttlungen…

Et geet net ouni Rapp a Klapp

Géint 3 Auer op der Paräisser Plaz an der Stad, ass de Polizisten op Patrull eng Grupp Persounen opgefall, déi an enger handfester Ausenanersetzung verstréckt waren. Et gouf eppes Verstäerkung erbäigeruff an du konnten déi zéng opgereegte Kadette vun enaner getrennt ginn. Et heescht datt eng Grupp där anerer Virgeworf huet, en Handy geklaut ze hunn. Dat schéngt bestridde ginn ze sinn an d‘Folleg: et goufen der an d‘Sabbel. Heibäi koum Pefferspray an den Asaz. Nodeem dann eis Polizisten alles „zortéiert“ huet, gouf nach festgestallt, dat de „geklauten“ Handy am Bistro vergiess gi war. Vill Gejäiz a Geklapps fir näischt? Dat hänkt elo dovunner of, ob déi duerch de Pefferspray blesséiert Persounen den ugebuedenen Termin fir eng Plainte ze deponéieren unhuelen

De Samschdeg sollt net besser ginn

Déifställ mat Gewaltuwennung schénge Konjunktur ze hunn. Um Samschdeg ass géint 17 Auer ee jugendleche vun dräi Brigangen zerklappt ginn an huet missen – och dat schéngt eng nei Moud ze ginn – nieft dem Handy an sonstegem Besëtz seng Kleeder missen „ofginn“. No de Rabbelkäpp gëtt elo gesicht.

Zeréck an d‘Haaptstad wou géint hallwer aacht Owes ee Mann tëscht der Kinnekswiss an dem Parking Glacis vun direkt méi Toperten zu Fall bruecht. Heibäi gouf dem Mann säi Portmonni gefuerdert. Zwee jonk Männer deenen dat opgefall war hunn agegraff, wourop d‘Brigangen sech aus de Féiss gemaach hunn. De Mann gouf glécklecherweis net beim Virfall blesséiert huet awer ënner Schock gestanen.

An der Nuecht op ee Sonndeg, um dräi Auer hat ee weider Mann dann awer kee Gléck. Hie gouf an der Notre-Dame-Strooss (Uewerstad) de Portmonni gezoppt. Bei den Täter soll et sech ëm zwee Männer an zwou Fraen handelen, déi sech a Richtung Knuedler verfuusst hunn. E

D‘Kroun geet awer un den Dabo aus der Glesenerstrooss. Hei war de Police en Gefier gemellt ginn, dat sech onrechtméisseg op enge Behënnerteparkplaz breet gemaach hat. D‘Beamten hunn sech op der Plaz iwwerzeegt an hunn esouguer de Besëtzer vum Gefier a seng Begleedung ugetraff. Et war dem Proprietär vum Auto awer weder no Asiicht nach no gudde Manéieren. De Protokoll gouf verweigert a béid Klatzkäpp sinn ëmmer méi ausfalend ginn. Ausser zolitte Frechheeten hunn déi zwee d‘Beamten dunn och nach bedreet. Jo dat ganz ass esouwäit gaangen, datt si hir Pabeieren aus dem Policeauto „manu militari“ recuperéiere wollten. Och op den onbedeelegte Chauffer vum Camion deen d‘Gefier ofschleefe sollt haten d‘Klatzkäpp et ofgesinn. Si dierfe wéinst Rebellioun elo engem Riichter hir Beweeggrënn erläuteren.

„Verluere“ Führerschäiner

Wiem de geschëlderte Misär net duer geet, jo et sinn och nee en etlech Führerschäiner bei der Däiwel gaangen. Esou e Freideg emol zu Ettelbréck: 21 Auer hei war e Mann eppes „Quetsch“ an net méi an der Lag den Auto ze Parken. Alkoholtest positiv, Führerschäin Äddi. En Stonn zu Déifferdeng: ee Mann steiert säin Auto ouni d‘Luuchten unzehunn duerch d‘Gaassen, firwat dann emol nogekuckt gëtt. Bei der Kontroll gouf festgestallt dat de Pilot keng Lizenz an och nach gedronk hat. Hei gouf op uerder vum Procureur den Auto abehalen. An de Nuecht op ee Samschdeg zu Rolleng (2.30 Auer) gouf der Police ee Vollert gemellt, a bei der Iwwerpréiwung sollt sech dat bestätegen. De Führerschäi mécht elo Vakanz…

Um Samschdeg huet dann ee Chauffer am Mariendall den Ufank gemaach (21 Auer). Géint 1.30 Auer huet et op der Lonkescher-Strooss zu Bartreng liicht gerabbelt a béid Leit am Auto goufe liicht blesséiert. Beim Chauffer deen an d‘Spidol gemusst huet, ass den Alkoholtest positiv ausgefall. Zur gläicher Zäit, datt dann awer op A13 Richtung Käl, en Auto dat Schlaangelinne gefuer ass. Och hei ee positiven Alkoholtest. Um 5 Auer dann zu Diddeleng: hei sinn d‘Polizisten op ee Mann opmierksam ginn, deen am Begrëff war de Pneu ze wiesselen. Eigentlech näischt wou ee sech Béises sollt derbäi denken. Leider hat de Mann keng gülteg Pabeier fir de Won, hien ënnerläit och engem Fuerverbuet an hat zu allem Iwwerfloss och e positiven Alkoholtest…

Kuerz gefaasst: Och de Procureur hat nees eppes Kontrollen ugeuerdent. Dräi Samschdeg an zwou an der Nuecht op ee Sonndeg. Heibäi goufen 335 Automobiliste kontrolléiert. An 12 Fäll huet et wéinst dem positiven Test Protokoller ginn, fir zwee Führerschäiner koum allerdéngs all Hëllef ze spéit.

Dernières nouvelles