Biodiversitéit: D’Lëtzebuerger Regierung hëlt dësen immense Verloscht a Kaf

Mangelhaft Berécksiichtegung vum Naturschutz an der Landwirtschaftspolitik: natur&ëmwelt an de Mouvement Ecologique reechen zesummen Reklamatiounen géint d'Lëtzebuerger Regierung bei der EU-Kommissioun an.

Unhand vum aarteräiche Flaachlandméiwisen (LRT 6510) an dem Feldhong (Peridx perdix) weisen de Mouvement Ecologique an natur&ëmwelt op, wéi dramatesch de Verloscht un europäesch an national geschützte Liewensraim an Aarten hei am Land fortschreit.

Andeems d’Lëtzebuerger Regierung dësen immense Verloscht a Kaf hëlt, ouni effektiv Géigemoossnamen anzesetzen, verstéisst si géint dat europäescht Gemeinschaftsrecht, dat e Verschlechterungsverbuet vum Erhalungszoustand vun europäesch geschützte Liewensraim an Aarte virschreift (Richtlinn 92/43/EWG).

De 25. Juni 2021 goufen d’Verhandlungen tëscht der EU-Kommissioun, dem Parlament an Agrarministerrot iwwert déi Gemeinsam europäesch Agrarpolitik (GAP) fir déi kommend siwe Joer ofgeschloss. Duerch Erausfuerderunge wéi de Klimawandel, d’Biodiversitéitskris sou wéi e beschleunegte Strukturwandel duerch en erhéicht Haffstierwen virun allem vu klengen a mëttelgrousse landwirtschaftleche Familljebetriber, ass leider wéineg Usaz zu der noutwenneger Agrar-Strukturreform erkennbar.

Fakt ass, datt déi nei ausgehandelt GAP déi kommend 7 Joer weiderhin op eng mëtschgieweg Subventionéierung iwwert Flächeprimmen an Investitiounsbäihëllefe setzt, amplaz gesellschaftlech Leeschtungen wéi Ëmwelt- a Klimaschutz, den Erhalt vun der Biodiversitéit sou wéi Leeschtungen am Beräich fir méi Déierewuel fair ze bezuelen!

Wärenddeem geet de Verloscht vun der biologescher Diversitéit, virun allem op de landwirtschaftlech genotzten Oppelandflächen zu Lëtzebuerg, virun. Dat beleet de Reporting zur Habitatschutz- a Vulleschutzdirektiv (2019) a gouf duerch den Observatoire de l’Environnement Naturel (2020) a leschter Zäit eendeiteg opgewisen: Zu Lëtzebuerg sinn trotz de Beméiungen vun de leschte Joren 84 % vun de Gréngland-Habitater an engem schlechten Erhalungszoustand. Emol verbreete Feldvullen (wéi z.B. de Steekauz oder d’Léierchen) si staark gefäerded, oder wéi d’Brongbrëschtchen schonn ausgestuerwen!

Biodiversitéitsverloscht

Souwuel aarteräich Flachlandméiwisen (Prairies maigres de fauche, LRT6510) wéi och d’Feldhong (Perdix perdix) stinn europawäit souwéi national ënnert Schutz („Habitats d’intérêt communautaire“).

  • Déi aarteräich Flachlandméiwisen („Heuwiese“), déi en typesche Liewensraum vun der Lëtzebuerger Kulturlandschaft duerstellt an Insekten an allen, an hirer Ernierung vun Insekten ofhängeg Vullen- a Mammendéieraarten, en existenziell wichtege Liewensraum bitt, ass säit 1992 duerch déi europäesch Direkt zur Erhalung vun den natierleche Liewensraim sou wéi de wëllliewenden Déieren a Planzen (Fauna-Flora-Habitat Direktiv 92/43/EWG) geschützt.
  • Zousätzlech ass dëse wäertvolle Liewensraum iwwert dat nationaalt Naturschutzgesetz (Mémorial 2018a) geschützt. Vill an ëm virkommend Aarten stinn och iwwert déi Groussherzoglech Veruerdnung vun de geschützte wëlle Planzenaarten (Mémorial 2019) bzw. Iwwert d’Veruerdnung vun de geschützte wëllen Déierenaarten (Mémorial 2009) ënner Naturschutz.
  • Och d’Feldhong (Perdix perdix) genéisst europäeschen (Vulleschutzdirektiv 2009/147/EC) sou wéi nationale Schutzstatus. Dës Aart aus der strukturräicher Kulturlandschaft war emol op de landwirtschaftlech genotzte Fläche vu Lëtzebuerg staark verbreet.

Biodiversitéitsverloscht

Souwuel de Liewensraum LRT 6510 wéi och dës Vullenaart waren an de leschte Joerzéngten Géigestand vun zuelräiche Schutzprogrammer- an Initiativen. Zu Recht, well den Erhalt vum representative Virkomme vun dësem Liewensraum sou wéi der Vullenaart am Netz NATURA 2000 ass en onverzichtbare Beitrag zum Erhalt vum europäeschen Naturierwen, fir dee Lëtzebuerg Verantwortung dréit.

Mee trotz héijem juristesche Schutz an Aarteschutzprogrammer geet souwuel de Bestand un aarteräiche Flachlandméiwisen, wéi och d’Populatioun u Feldhénger hei am Land an de leschte Joren drastesch zeréck.

Esou sinn an de leschten 9 Joer gutt ee Véierel (27 % = 8 km²) vun de geschützten aarteräiche Flachlandméiwisen verschwonnen an 2020 konnte just nach 4 Feldhong-Kopppelen fir dat ganzt Land nogewise ginn.

Biodiversitéitsverloscht

D’Grënn fir dëse Réckgang si wuel bekannt a gutt dokumentéiert (EU-Reporting Art. 12, Monitoringbericht vum Observatoire de l’Environnement Naturel 2020 & COL Datebank):

  • 95 % vun den zerstéierten LRT 6510 Flächen a 86 % vun der qualitativer Verschlechterung sinn op eng net ugepasste landwirtschaftlech Notzung zeréckzeféieren.
  • D’Intensivéierung vun der Landwirtschaft, d’Verschwanne vu Feldgehölzen a Broochen, den héijen Asaz vu Pestiziden an Dünger, de Këschteschnëtt vun Hecken, asw … entzitt dem Feldhong säi Liewensraum, d’Quell vu senger Ernierung a mécht et méi ufälleg fir Ugräifer.

D’Intensivéierung vun der Landwirtschaft ass gréisstendeel op staatlech Subventiounsmechanismen zeréckzeféieren. Existéierend Agrar-, Ëmwelt- a Klima-Moossnamen (AUKM) sou wéi Biodiversitéitsprimmen konnten dësem negativen Trend net (oder just wéineg) entgéintsetzen, well si géigeniwwer vun der héijer Subventiounskuliss wéineg attraktiv, respektiv net zilféierend ugewannt ginn.

D’Zerstéierung vun dëse geschützte Liewensraim an Aarten bleift soumat net nëmmen ouni Konsequenzen, mee gëtt zudeem iwwert ëffentlech Gelder (EU an national) gefërdert. D’Lëtzebuerger Regierung huet es op alle Fall bis elo ënnerlooss, d’Fräiraim vun der nationaler Agrarpolitik ze notzen a geschützte Liewensraim a bedreet Aarten ze erhalen an ze fërderen.

Déi katastrophal aktuell Situatioun, mat där d’Lëtzebuerger Regierung géint europäescht Recht verstéisst a seng Verantwortung géigeniwwer vun europäesch geschützte Liewensraim an Aarte mat Féiss trëtt, ka just duerch e konsequent an effizient Handelen vun den zoustännege Ministèren a Verwaltunge verbessert ginn.

Biodiversitéitsverloscht

Et ass dofir zwéngend noutwenneg, datt:

  • Am neien „Nationale Strategieplang PSN“ vun der nationaler Agrarpolitik wäitreechend Schutzmoossname festgeluecht ginn, fir den Erhalt vun den ënner Schutz gestallte Liewensraim an Aarten duerch ugepasst an zilgeriicht Fërderungen vun der AUKM a Biodiversitéitsprimmen sécherzestellen. En Undeel vun op mannst 5 % vun net-produktive Landschaftselementer/Beräicher sollt als Standartmoossnam fir den Aarteschutz festgeluecht an ëmgesat ginn.
  • Insgesamt brauch et ekologesch wierksam Moossnamen (z.B. extensiv Wisen a Weeden, Algrassträifen, Uferrand-/Puffersträifen, méijäreg Bléiflächen, aarteräich Akersträifen, …) iwwer 30% vum Gréngland a 25-30 % vum Akerland (EU-Biodiversitéitsstrategie 2030).
  • fir NATURA 2000-Gebidder jeeweils ee spezifesche Management-Plang fir déi bedreete Liewensraim an Aarten opgestallt ginn. Dobäi gëllt et betraffe Flächen, Besëtzer a Pächter sou wéi aktuell adequat Fërder- a Schutzmoossnamen duerzeleeën- Spezifesch Moossnamen zur qualitativer Opwäertung vu geschützte Liewensraim sinn heibäi prioritär a besonnesch wichteg.
  • D’Wiederhierstellung vu geschützte Liewensraim a Populatioune vu geschützten Aarten iwwert eng spezifesch Berodung a Fërderung duerch déi regional Biologesch Statioune geziilt gefërdert ginn. D’Strategie zum Erhalt an der Wiederhierstellung vum aarteräiche Gréngland zu Lëtzebuerg 2020-2030 (MDDI 2020) muss ëmgesat ginn.
  • Flächen op deenen AUKM a Biodiversitéitsprogrammer lafen oppegeluecht, d’Effizienz vun de jeeweilege Schutzmoossnamen zum Enn vun der Lafzäit vun all PDR iwwert e spezifesche Monitoringprogramm bewäert, an déi jeeweileg Programmer am Noutfall ugepasst ginn!

Sollt d’Lëtzebuerger Regierung weiderhin e Verstouss géint dat europäescht Gemeinschaftsrecht an hir Verantwortung fir de Schutz vun aarteräiche Liewensraim a bedreeten Aarten ignoréieren, esou riskéiert si net just eng Strofverfolgung duerch d’EU-Kommissioun, mee och eng Verurteelung sou wéi en héije Protokoll säitens dem Europäesche Geriichtshaff.

Donieft geet et heibäi net manner ëm d’Glafwierdegkeet vun der Regierung am Kampf géint de Biodiversitéitsverloscht!

Matgedeelt vun natur&ëmwelt an dem Mouvement Ecologique

Dernières nouvelles