Gëschter huet zu Dikrech op der Place Guillaume déi feierlech militäresch Zeremonie am Kader vun Nationalfeierdag stattfonnt. Mat dobäi waren de Verdeedegungsminister François Bausch an de Stabchef vun der Lëtzebuerger Arméi, de Generol Steve Thull.
Bei dëser Geleeënheet goufen eng ganz Rei Membere vun der Arméi mat den nationalen Uerden an dem Verdéngschtkräiz geéiert. Uschléissend sinn d‘Truppen duerch d‘Rue Stavelot marschéiert. D‘Militärparade stoung ënnert dem Kommando vum Lieutenant-Colonel Kim Kirsch, stellvertriedende Befehlshaber vun de Sträitkräfte.

