Zeienopruff: Am Mëllerdall gouf eng Roulotte geklaut

Eng oder méi nach onbekannte Persounen hunn en Dënschdeg, den 21. Juni 2022 tëscht 8 an 13 Auer eng Roulotte vum Model Averso an der Mark Bürstner vum Camping an der Rue des Moulins am Mëllerdall geklaut. 

Dobäi huet den/hunn d‘Täter eng hëlzenen Zonk an eng Ofspärung op d‘Säit geraumt, ier se d‘Barrière opgemaach hunn.

Roulotte geklaut
© Police

D‘Police sicht no Zeien, déi eppes Opfälleges um Camping a bei der groer Roulotte, respektiv an der Géigend gesinn hunn. All Hiweiser sollen un d‘Beamte vun Iechternach goen (Tel.: (+352) 244 72 1000 oder E-Mail (police.echternach@police.etat.lu).

Dernières nouvelles