De Max Giesinger zu Lëtzebuerg

Vum 16. bis de 24 Juli fënnt de bekannten Open Air Festival ECHTERLIVE vum Trifolion am atmosphäreschen Abteihaff vun Iechternach statt.

den däitsche Max Giesinger wäert um Festival optrieden a gutt Stëmmung maachen.

Hien ass ee vun de berüümtsten däitsche Kënschtler, Lidder ewéi « 80 Millionen » oder „Auf das, was da noch kommt“ kennt wuel (bal) jiddwereen.

De Max Giesinger wäert seng nei Single „Irgendwann ist jetzt“ virstellen, déi zu senger neier Tournée gehéiert.

Wien soss nach am Kader vum Echterlive optriede wäert, gëtt deemnächst bekannt ginn.

Weider Informatiounen an Tickete ginn et iwwert Luxembourg Ticket (www.luxembourg-ticket.lu | Tel.: +352 4708 951 a bei alle bekannte Virverkafsplazen) sou wéi am Trifolion Tickets Service (2, Porte Saint Willibrord zu Iechternach | Tel.: +352 26 72 39 500 | ticket@trifolion.lu | www.trifolion.lu)

Dernières nouvelles