Och Bréissel hat seng „Marche pour la Liberté“

Eng 8.000 Leit hunn demonstréiert, fir ee puer Dosen ënnert hinnen ass den Event hanner Gitter beendegt ginn an ee Grappvoll Persounen hu missen am Spidol verpléischtert ginn

Si hunn hire Protest ënnert de Motto: „Marche pour la Liberté – Acte II“ gestalt an haten sech op en änlech erfollegräichen Opruff virbereet, wéi se een zum „Marsch“ vum 21. November haten. Do hat et – bezunn op d‘Zuele vun de kompetenten Autoritéiten – 35.000 Participanten. De Rendez-vous um 13 Auer gouf agehalen, allerdéngs ware laang net esouvill Matleefer do, wéi se erhofft haten.

Fir d‘Organisateuren, déi ee Freideg um leschte Stëppel hir Demo autoriséiert kruten, geet et am Fong drëms dee belsche CovidCheck – deen heescht Covid Safe Ticket (CST) – ze verhënneren, wéi et sech der Impfflicht fir déi Aktiv am Gesondheetssecteur verwiert. Versammelt gouf sech „Gare du Nord“ a marschéiert sinn se a Richtung „Parc du Centenaire“. Alles war hei friddlech.

Bréissel
© SemitaSalutis

Et hat wuel eppes Knupperten a Feierwierk, mee et blouf laang roueg. Et ass awer richteg, datt dës Demonstrante vun engem „den Erwaardunge vun den Organisateuren“ entspriechende Police-Dispositiv encadréiert waren. D‘Sloganen zu Bréissel ware liicht verständlech: „Vaccin Nee Merci“, „Covid = organiséierte Genozid“, „QR = swastika“ an „Loosst d‘Fanger vun de Kanner“…

Alleguerte ware se komm, fir d‘Obligatiounen ze denoncéieren, déi vun de politeschen Instanzen zanter dem Ufank vun der Pandemie, dem Vollek operluecht ginn. Si verwieren sech dem sanitäre Pass, an hunn zuweilen ee kriteschen Ëmgang mat der Aart a Weis, wéi d‘Medie mat dëser Kris ëmginn, a wuel och dovunner profitéieren. Eng eppes „allgemeng“ Ausso, mee wann se mengen.

Wéi de Cortège op der Héicht vum Kreesverkéier Schuman (jo Bréissel huet och een) ukomm ass, sinn eng Rei Klatzkäpp aus der Roll gefall, oder hunn dës do eréischt gespillt. Jiddefalls koum et zu Iwwergrëff an d‘Police huet d‘Waasserwerfer agesat. Et ass eskaléiert. Et gouf mat Zillen, jo et hat een esouguer d‘Verkéiersschëlter aus hirer Verankerung gerappt, fir op enaner lass ze goen.

Déi europäesch Institutioune waren hannert masseg pickegen Drot an enger weiderer uniforméierter Verdeedegungslinn verschanzt. Eng Partie Stroossen ware prophylaktesch gespaart ginn, wat zu eppes Behënnerunge gefouert huet. Woubäi sech, wuel och wéinst der Demonstratioun vill Leit net virun d‘Dir getraut hunn. D‘Police huet am Kontext vun den Iwwergrëff eng 20 Leit festgeholl.

mat indymedia/bru

Dernières nouvelles