Am Kader vum « Weekend vun den oppene Kierchen » huet den Naturpark Our e Samschdeg, de 4. Juni säin neie Vëlos-Tour presentéiert, bei deem Kultur a Landschaft verbonne ginn. Ënnert dem Numm « Looss d’Kierch am Duerf » verleeft de Rondwee duerch d’Gemengen Ëlwen a Wäiswampech laanscht 10 Duerfkierchen.
Ma, wat eigentlech als E-Bike-Tour virgestallt gouf, ass sécherlech och fir den traditionelle Vëlo a Mountainbike, fir ganz motivéierter souguer zu Fouss machbar. De Start vun dësem Wee vun 28,5 km ass bei der Gare zu Ëlwen.

Scho säit laangem faszinéieren eis Kierchen duerch hir Architektur, hiren ale Charakter an déi reliéis Symbolwelt. Zil ass et mam Vëlos-Tour d’Natur mat der Kultur ze verbannen. Aus dësem Grond sinn d’Kierchen all Dag accessibel.
Erméiglecht gëtt de ganze Projet duerch d’Zesummenaarbecht vum Naturpark Our a sengen Aarbechtsgruppen, Vertrieder aus de Membergemengen Ëlwen a Wäiswampech, Membere vun de lokalen a regionalen Tourismusverbänn a Vertrieder vun « Oppe Kierche Lëtzebuerg », sou wéi och zuelräiche Benevollen, déi beispillsweis all Dag d’Kierchen op- an zouspären.