Literareschen Dënschdeg an der Stad

D‘Cité Bibliothéik an der Stad Lëtzebuerg luet den 22. Mäerz um 18:30 Auer op hire bekannte literareschen Dënschdeg an.

D’Auteurin Corina Ciocârlie liest aus hirem franséischsproochege Buch Europe Zigzag (Differdange est un roman) vir. Dëst gouf beim franséische Verlag Signes et Balises verëffentlecht.

De literareschen Owend ass wéi gewinnt gratis, d’Reservatioun ass allerdéngs obligatoresch. Dës kann iwwer Telefon 4796 2732 oder Email bibliotheque@vdl.lu erfollegen. D‘Anhale vun de sanitäre Sécherheetsmoossnamen ass Flicht.

Dernières nouvelles