Däitschland stuuft Lëtzebuerg als Héichrisikogebitt an

Ab e Sonndeg, den 9. Januar zielt Lëtzebuerg nees zu den Héichrisikogebidder, esou d’Decisioun vun der Republik Däitschland. Bei Reesen an d’Nopeschland gëlle verschidde Areesbestëmmungen.

All Persoun iwwer 6 Joer, déi an de leschten 10 Deeg zu Lëtzebuerg war an an Däitschland areese wëll, onofhängeg vum Transportmëttel, muss entweder en Impfzertifikat virweisen, deen iwwer 14 Deeg gülteg ass, en Zertifikat vun der Genesung bei sech hunn deen net méi wéi 6 Méint al ass oder d’Resultat vun engem negative PCR-Test, respektiv Schnelltest virweisen.

Fir Frontalieren a Persounen, déi sech manner wéi 24 Stonnen an Däitschland ophalen, a weder geimpft nach genese sinn, gëllt eng generell Testflicht. D’Resultat muss negativ ausfalen fir hin an hir reesen ze kënnen.

Huet ee wëlles, iwwer 24 Stonnen an Däitschland ze bleiwen, esou muss ee seng Arees iwwert www.einreiseanmeldung.de am viraus umellen. Persounen, déi weder (komplett) geimpft, nach geheelt sinn, mussen 10 Deeg a Quarantaine goen. Duerch en negatiivt Testresultat kann dës Quarantaine schonn no 5 Deeg entfalen.

Weider Informatioune ginn et um Site vum Bundesgesundheitsministerium.

Dernières nouvelles