Carte Blanche: Kanner ouni Grenzen

Kanner ouni Grenzen erzéien – ass dat richteg? Ma dës Entscheedung wäerten d’Elteren fréier (oder méi spéit) bedaueren. Dës gutt gemengten Doten, ginn an de meeschte Fäll an op laang Dauer mat Ondankbarkeet bestrooft.

Beim Thema Erzéiung ginn et ënnerschiddlech Meenungen. Wat fir deen ee richteg ass, kënnt bei deem aneren net an d’Tut. Leider kënnt et esouguer vir, datt Elteren u sech zweiwelen a sech als « schlecht Eltere » fillen, wa si Reegelen opstellen an duerchsetze mussen.

An der Erzéiung stelle mir eis dacks d’Fro, ob mir dat iwwerhaapt richteg maache kënnen an och meeschteren.

« Firwat hunn ech dann d’Gefill, datt ech mech falsch entscheeden, wann ech dovunner iwwerzeegt sinn, datt et déi richteg Entscheedung ass? »

Wa mir eis op d’Sich no Äntwerte maachen, fanne mir ënnerschiddlech Artikelen a ganz Bicher iwwert dëst Thema.

Ma wat ass iwwerhaapt eng Grenz?

Vill Mënschen associéieren mat Wuert « Grenz » eppes Negatives. Dofir denken si, Grenzen ze setzen, géing heeschen, d’Meenung vum Kand ze ignoréieren. De Géigendeel ass de Fall, et geet ëm d’Struktur déi d’Kand geléiert kritt.

Eng Grenz setzen heescht net, d’Stëmm ze erhiewen, rosen ze ginn oder kee Respekt ze hunn.

Ze erzéien, bedeit, ze froen – a wann een där Offer net nokomme kann, da soll een « Nee » soen an d’Kand bieden sech nach ze gedëllegen. Esou léiert hatt anengems och, datt net all seng Wënsch an Erfëllung ginn. An och wann et wéideet – et muss ee konsequent bleiwen.

Et sinn d’Elteren an net aner Ariichtungen oder Mënschen, déi Flicht hunn, dës Kanner ze erzéien.

Mir mussen hinnen nolauschteren, hinne weise, wat richteg a falsch ass a Sätz soen ewéi:

« Nee, doriwwer hu mir schonn geschwat. Du muss nach waarden. » Kanner mussen hire Frust kenneléieren – an d’Eltere mussen hinne weisen, wéi mat dëse Gefiller ëmgoen. Erzéiung ass keng einfach Aufgab, mee wann d’Eltere sech net këmmeren, wien dann?

Dernières nouvelles