Isolatiounsdauer an 2G+ Regimm: Et ginn nees verschidden Ännerungen

Gëschter ass de Regierungsrot zesummekomm, fir de Gesetzesprojet zu Upassungen um modifizéierte Gesetz vum 17. Juli 2020 unzehuelen. Dës Ännerunge bezéie sech ënnert anerem op déi maximal Dauer vun der Isolatioun.

Persounen, déi (nach) net geimpft goufen, respektiv no de geplangte 6 Méint keng Booster-Dosis kritt hunn, musse weiderhin 10 Deeg an Isolatioun bleiwen. Sinn déi infizéiert Persounen scho vollstänneg geimpft oder krute schonn hir Opfrëschung, esou geet déi maximal Dauer vun der Isolatioun op 6 Deeg erof.

Eng Konditioun dofir ass allerdéngs, datt 2 Schnelltester, wouvunner een um 5. Dag an een um 6. Dag gemaach gëtt, negativ ausfale mussen.

Am Bezuch op den Impfzertifikat gouf zesumme mat der europäescher Kommissioun decidéiert, datt dësen 270 Deeg (9 Méint) gülteg bleift ab dem Datum, wou den Impfschema komplett ass.

Zu gudder Lescht bréngt de Gesetzesprojet mat sech, datt Persounen, déi viru manner wéi 180 Deeg den Impfschema completéiere konnten, schonn e Booster kruten oder en Zertifikat vun der Genesung virweise kënnen, beim 2G+ CovidCheck kee Schnelltest op der Plaz maache mussen.

D’Ännerungen trieden dann a Kraaft, wann d’Gesetz gestëmmt ass.

Dernières nouvelles