1000 Kusse fir eis Lieser! 

Et ass wuel eng vun de schéinsten Aart a Weisen sech géigesäiteg Léift ze schenken. Kee Wonner also, datt um haitege Mëttwoch den Internationalen Dag vum Kuss (World Kissing Day) gefeiert gëtt. Egal op Dir Iech elo äre Partner kroopt, fir ee leidenschaftleche Kuss auszetauschen, oder och ee Familljemember, fir kuerz d’Verbonnenheet ze weisen, haut muss gefeiert ginn!

Esou richteg weess keen, wisou den Internationalen Dag vum Kuss entstanen ass. Gewosst ass just, datt Groussbritannien am 19. Joerhonnert mam nationale Kuss-Dag ugefaangen huet. Wéi eng Intentiounen och ëmmer dohanner stiechen, haut geet et ëm d’Freed, d’Zouneigung an dorëm, senge Léifsten no ze sinn.

Wisou kusse mir iwwerhaapt?

Säit laanger Zäit gi Fuerscher dëser Fro no. De Sigmund Freud war beispillsweis dovun iwwerzeegt, datt dës Aktivitéit als Instinkt ugebuer ass. Den Ursprong géif hei beim Bedierfnis leien, datt ee Bebe un der Broscht vun der Mamm Mëllech kréie wëll, woubäi mir d’Beweegung net méi ofleeën.

De briteschen Zoolog Desmond Morris huet 1960 erkläert, datt senger Meenung no dës Praxis vun eise Virfare kënnt, déi sech vu Mond zu Mond erniert hunn. Wa wéineg Fudder do war, hunn d’Afenelteren hire Klengen d’Lëpsen op de Mond gedréckt als Zeeche vun der Berouegung. Och de Mënsch huet dëst Verhale weider gefouert, woubäi och haut nach verschidden afrikanesch Stämm, wéi d’Himbas am Norde vun Namibia, sech esou ernieren.

Eng rezent Etüd vun der amerikanescher Fuerscherin Sarah Woodley weist dorop hin, datt mir mam Kuss d’Immunfäegkeet vum Partner analyséieren. Iwwert de Geroch an de Goût kann all Mënsch onbewosst erausfannen, wéi dem Géigeniwwer seng MHC-Genen opgebaut sinn. Desto méi de Partner sech gentechnesch vun eis selwer ënnerscheet, desto méi geréng ass d’Gefor, datt déi gemeinsam Kanner Krankheete kréien. Esou steigt d’Liewenserwaardung vum Mënsch.

Aner Kulturen, aner Kussen

Wéi gesäit et eigentlech an anere Länner a Kulturen an dësem Beräich vun der Léift aus? Wéi kusst wien a wou ass dat souguer ganz verbueden? Amerikanesch Fuerscher hunn erausfonnt, datt knapp d’Halschent vun alle Kulturen sech aus romantesche Grënn kusst. Bei genau 77 vun 168 Kulturen huet d’Beréiere vun de Lëpsen de selwechte Symbolcharakter, wéi bei eis zu Lëtzebuerg. Ob als Begréissung oder Aart vun der Zouneigung, mir kussen all anescht.

An Däitschland gëtt et net als schlëmm ugesinn, wa Koppelen an der Ëffentlechkeet knutschen. Bei der Begréissung weess allerdéngs keen esou richteg, ob et elo een oder zwee Kussen op d’Bake ginn, wouduerch oft Mëssverständnesser entstinn. An den USA gëtt et dofir generell kee Kuss fir Moien ze soen.

Am Land mat der Stad vun der Léift gëtt natierlech gären an oft gekusst. Och bei der Begréissung sollte bei de Fransousen 2 bis 4 Kussen op d’Bake mat dra sinn. D’Unzuel ännert dobäi mat de Regiounen.

Beim Openeentreffe vun Traditiounen an der Tierkei sollt een oppassen, wou ee wat mëscht. An de westlech gepräägte Regioune vum Land sollt et kee Problem sinn, sech an der Ëffentlechkeet ee Kuss ze ginn. A konservativen a ländleche Gebidder sollt een dat léiwer si loossen. Geet een elo méi wäit an den Orient, esou kann ee sech denken, datt a Länner, wéi dem Afghanistan all Zäertlechkeeten an der Ëffentlechkeet verbuede sinn. Männer begréissen sech mat enger Ëmaarmung, Frae gi sech emol net d’Hand.

Dernières nouvelles