Prezisiounen zum Impfzertifikat mat Janssen a Booster-Dosis

Krute Persounen, déi eng Dosis vun Johnson&Johnson plus hire Rappell erhalen hunn, soss de Code 3/3 ugewisen – esou wéi et bei Persounen de Fall ass, déi 2 Dosen plus de Booster kruten – gëtt elo de Code 2/1 ugewisen, wat streng geholl dat selwecht bedeit, awer net onbedéngt vun all Land esou erkannt gëtt.

Zwou Dosen vun engem mRNA-Impfstoff, zwee Mol Vektorimpfstoff oder de sougenannte Mix&Match sinn am administrative Beräich eigentlech gläichgestallt mat enger Dosis vu Janssen. Fir e bessert Verständnis, elo awer als éischt emol méi Konfusioun, suergen d’Coden. Eng Dosis Johnson&Johnson mat Booster gëtt amplaz vum 3/3 als 2/1 ugewisen.

Et ass méiglech, datt EU- an Drëttlänner den neie Code allerdéngs net direkt richteg erkennen, wouduerch een, fir roueg ze sinn, bei Auslandsrees den alen Zertifikat mathuele sollt.

Onofhängeg dovunner hunn eis däitsch Noperen de 15. Januar den Avis vun der Ständigen Impfkommission (STIKO) kritt, datt eng Dosis Janssen zesumme mam Booster net duergeet, fir de selwechte Schutz ze garantéieren wéi bei aneren Impfschemaen vun 3 Injektiounen (2 Dosen plus Booster).

Och aner EU-Länner, dorënner Lëtzebuerg, sinn aktuell um iwwerleeën, eng änlech Decisioun ze treffen.

Dernières nouvelles