Haut ass Weltfraendag

Um haitegen Dënschdeg ass de Weltfraendag. Et ass een Dag, op deen op d’Gläichberechtegung an d’Fraerechter opmierksam gemaach gëtt. Leider ass dat nach ëmmer néideg. Hei zu Lëtzebuerg fënnt zum Beispill de Fraestreik statt.

D’Coronapandemie weist, datt d’Gläichberechtegung de Moment besonnesch a Gefor ass. Wärend dem Lockdown waren et virun allem Fraen, déi nieft hirer Aarbecht am Homeoffice, d’Betreiung an och den Homeschooling vun de Kanner iwwerholl hunn. Dofir hunn si hier Aarbechtszäit dacks op owes oder de Weekend verluecht.

Zanter 2019 ass de Weltfraendag a Berlin ee gesetzleche Feierdag. Et bleift ze hoffen, datt nach vill Länner nozéie wäerten. A China mussen d’Fraen den 8. Mäerz nomëttes net schaffen.

Den Ursprong vum Weltfrauentag ass an der Zäit ëm den Éischte Weltkrich entstanen. De Kampf ëm d’Gläichberechtegung an d’Walrecht kann domat op eng laang Traditioun zeréckblécken. An e geet nach weider.

Um Weltfraendag hëllefen keng Blummen, och wann et eng Traditioun ass, de Fraen esou Wäertschätzung a Respekt entgéint ze bréngen – vu Feminist*inne gëtt dësen Dag gäre Fraenkampfdag genannt.

Och elo liewe nach mir a patriarchale Strukturen.

D’Fraen iwwerhuelen een groussen Deel vum Haushalt an den Alldagssuergen a ginn och op der Aarbecht méi schlecht bezuelt, ewéi Männer. Dës weidere gëtt all Fra opmannst eemol an hirem Liewen Affer vu physescher oder sexualiséierter Gewalt. Frae wëlle Gläichberechtegung – net nëmmen um Pabeier. Si wëllen déi selwecht Chancen, Paien, gewaltfräi Bezéiungen, fair Aarbechtsbedéngungen an Strofe fir Täter.

Si wëllen ee Liewen ouni Angscht.

Dernières nouvelles