Mutfert: Festnam wéinst iwwer 250 Gramm Haschisch

Op Uerder vum Parquet ass de Mann festgeholl ginn an huet sech nach de selwechten Dag virum Untersuchungsriichter misse verantworten.

Um Freideg Moien sinn der Police e puer Persounen op engem Feldwee zu Mutfert opgefall. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, datt ee Mann gutt 215 Gramm Haschisch bei sech hat. 

Uschléissend gouf et eng Perquisitioun an engem Haus, wou nach emol 49 Gramm vun der Substanz fonnt a séchergestallt gi sinn. 

Dernières nouvelles