Ma, gutt geschafft!

Wéi d‘Police matdeelt si gëschter zwou Persounen an engem Gefier direkt e puer Mol negativ opgefall. Nodeems si als éischt bal e Foussgänger iwwerrannt hunn, ass den Auto op A4 op der Héicht vu Leideleng géint d‘Leitplanke gesteiert. 

Owes géint 19:40 Auer konnt d’Gefier schliisslech an der Rue de Hollerich zu Esch-Uelzecht gestoppt an d‘Insassen kontrolléiert ginn. Zum enge huet d‘Iwwerpréiwung erginn, datt de bloen Toyota Verso mat Lëtzebuerger Plaque, den Dag als Geklaut gemellt gouf. Zum aneren hat de Fuerer kee Permis, dofir awer Drogen an Alkohol am Blutt. 

Domat gouf e Protokoll wéinst dem geklaute Gefier erstallt, sou wéi och wéinst Fueren ënnert dem Afloss vun Alkohol an Drogen.

D‘Police sicht no Zeien, déi eppes Opfälleges am Zesummenhang mat dësem Fall gesinn hunn. All Hiweiser sollen un d’Beamten vun der Stad Lëtzebuerg goen (Tel.: (+352) 244 401000 oder E-Mail: police.luxembourg@police.etat.lu).

Dernières nouvelles