Ënnerwee an d‘Vakanz: Grouss Verkéierskontroll op der A6

Zesumme mat de belschen a franséische Beamten huet d‘Lëtzebuerger Police leschte Samschdeg eng gréisser Verkéierskontroll op der A6 duerchgefouert. Am Fokus stoung de Vakanzentrafic.

Dobäi hunn d‘Poliziste ganz genee gekuckt, ob d‘Gefierer sécher belueden an net iwwerlueden waren, sou wéi och op d‘Pabeieren an der Rei wieren.

Dobäi koum et zu 39 Protokoller. An de meeschte Fäll hunn d‘Chauffeure misse bezuelen duerch Iwwerluedung, Notzung vum Handy wärend dem Fueren, ofgenotzte Pneuen an Pabeieren, déi net an der Rei waren. 

Police

Verschidde Fuerer hu kee Sécherheetsgurt gedroen wärend anerer duerch e geféierlecht Fuerverhalen opgefall sinn.

Méi déif an d’Täsch gräifen muss eng Persoun, bei där d’Versécherung vum Gefier net méi aktuell war. An engem anere Fall gouf d’Maximalgewiicht däitlech iwwerschratt.

Dernières nouvelles