Wéi déi gréng Fee verdriwwe ginn ass 

Haut viru genau 114 Joer hunn d’Schwäizer fir ee Verbuet vum Absinth gestëmmt. Déi gréng Fee – wéi den Absinth och nach genannt ginn ass, duerch seng kreativitéitsfërderend Wierkung vun de Kënschtler am 20. Joerhonnert – ass deemols immens verdäiwelt ginn.

Et war dat alkoholescht Kultgedrénk vu fréier. Vum Vincent Van Gogh bis zum Oscar Wilde wollt jiddwereen de grénge battere Jus drénken. Besonnesch spannend war déi staark Wierkung vum aus Wermut hiergestallte Likör. D’Mëschung aus (Heel)-Kraider an dem immens héijen Alkoholgehalt bréngen nämlech schonn no wéinege Glieser eng berauschend, euphoriséierend a stimuléierend Äntwert.

Esou huet den Oscar Wilde emol erkläert: „ Am éischte Stadium gesäit ee seng Ëmgéigend, wéi se net ass. Am Zweete fänkt een un, grausam Saachen ze gesinn, mee wann een et packt, net opzeginn, kënnt een an den drëtte Stadium, an deem ee Saache gesäit, déi ee gesi wëll, wonnerbar sonnerbar Saachen.“ A genau dës Eegenschaften hunn zum iwwerméissege Konsum gefouert, wat och schnell zum Mëssbrauch an der Ofhängegkeet histeiere konnt.

D’Schwäiz gräift an

Ugefaangen huet alles mam Emile Zola sengem Roman „Der Totschläger“ vun 1877, an deem déi sozial Folgen vum Alkoholismus – net explizit vum Absinth – thematiséiert gi sinn. Zesumme mat der Antialkohl-Vereenegung hunn dunn franséisch Wäiproduzenten alles dorunner gesat, datt dat bëllegt gréngt Gedrénks verbuede gëtt.

Am Joer 1907 koum et dozou, datt 4000 Demonstranten zu Paräis op d’Stroosse gaange sinn, fir géint den alkoholeschen Zaubertrank ze protestéieren. Och an der Schwäiz ass d’Stëmmung gekippt: Grond war ee grujelege Mord vum Wäibiergaarbechter Jean Lanfray, deen all Dag bis zu fënnef Liter Wäi gedronk huet. Der Roserei verfall huet hien seng schwanger Fra, a seng Meedercher Blanche a Rose ëmbruecht. Nieft Wäin a Branntewäin huet och den Absinth säin Deel zum Verbrieche bäigedroen.

D’Bevëlkerung huet sech uschléissend haaptsächlech iwwert den Genoss vum Absinth opgereegt an dem verdäiwelten Zaubertrank d’Schold um Dout vun den onschëllege Leit ginn. No enger Ofstëmmung um 5. Juli 1908 huet déi männlech Bevëlkerung mat 63,5 % fir ee Verbuet decidéiert. Um 7. Oktober 1910 ass d’Verbuet Realitéit ginn. An esou ass déi béis gréng Fee bal ee Joerhonnert net méi an eise Spirituose-Schief gesi ginn.

An der Schwäiz ass d’Verbuet am Kader vun der Totalrevisioun am Joer 1999 net méi bäibehale ginn. De maximale Gehalt un Thujon – d’Substanz am Absinth, déi schiedlech ass – gouf kloer gereegelt. Donieft huet déi gréng Fee een immensen historeschen a landwirtschaftleche Wäert fir d’Regioun Val-de-Travers.

Europa an den Absinth

Nom Text zum Reglement 110/2008 vun der Verfassung huet dat europäescht Parlament an de Rot d’Definitioun, d’Designatioun, d’Presentatioun, den Etiquetage an de Schutz zur geographescher Indikatioun vum alkoholesche Gedrénks kloergestallt.

Hir Beschreiwung vum Absinth laut Folgendermoossen: Absinth ass een héich alkoholescht Gedrénks, dat duerch d’Aromatiséierung vun Alkohol, mat landwirtschaftlechen Originnen oder vun engem Distillat mat landwirtschaftlechen Originne mat Wermutkraut (Artemisia absinthium L.) a Kombinatioun mat anere Planze, wéi dem Pontesche Bäifouss (Artemisia Pontica L.), Anis (Pimpinella anisum L.), Fenchel (Foeniculu vulgare Mill.) Ysop (Hyssopus officinalis), Menthe (Mentha spp.) oder a Kombinatioun mat anere Planzen ënnert der Konditioun, datt hire Goût net predominant ass. Den Absinth muss dës weidere mat mindestens 86 % Vol. distilléiert ginn a spéider minimum 40 % Vol an 0,5 Gramm Anethol pro Liter hunn.

Grond fir Definitioune war, datt verschidde Produzenten den Term „Absinth“ net méi notzen duerften an gezwonge waren, hir Rezepter ze änneren.

Dernières nouvelles