Buchtipp: Gliss vum Andreas Eschbach

Chrëscht- a Vakanzenzäit heescht net nëmmen Zäit mat der Famill verbréngen. Et ass och wichteg, sech Zäit fir sech zu huelen.

Wat géing do besser passen, ewéi ee Buch ze liesen. Agekuschelt an d’Decken, ee Schocki um Dësch a lass geet et. Dës Kéier stellen ech iech den neiste Roman Gliss vum Andreas Eschbach aus dem Arena Verlag vir. Den däitschen Auteur ass bekannt fir seng Science-Fiction Romaner an opgedréite Geschichten. An der éischter Ausgab ass d’Ënnerschrëft vum Auteur dobäi.

Eisem Protagonist Ajit ass bewosst, datt hien d’Stad – säin séchert Ëmfeld net verloossen däerf. De Rescht ass vum sougenannte Gliss ëmginn. Näischt kann drop gebaut ginn. Enges Dages dreift een Doudege Mann iwwert de Gliss, stellt den Ajit alles a Fro. Vu wou kënnt deen hir? Ass alles gelunn? Ma firwat? A wat stécht hannert dem Gliss? De Protagonist wunnt nämlech op engem anere Planéit, et gi vill Besonneschkeeten ze entdecken.

Et ass eng Geschicht iwwert Zukunft – se liest sech, ewéi wann se fir haut geschriwwe gouf. D’Leit profitéiere vun hirer Muecht an notzen Mënschen aus. Eigentlech missten esou Jugendromaner méi vun den Erwuessene gelies ginn. Si kéinten nach sou munches draus léieren! D’Siichtweis huet nämlech vill Potenzial.

Dëse Roman brauch op jiddwer Fall een zweeten Deel, och eng Verfilmung (mat uerdentleche) Rolle kéint ech mir gutt virstellen. Op jiddwer Fall war de Kappkino scho phänomenal.

Dernières nouvelles