E Schwamm fält an d’Waasser: D’Gebuert vun der Konscht

„Alles huet un engem 17. Januar viru 1.000.000 Joren ugefaangen. E Mann huet en dréchene Schwamp geholl an dësen an en Eemer Waasser fale gelooss. Wien dëse Mann war, ass net wichteg. Hien ass dout, mee d’Konscht ass lieweg“, sou erkläert de franséischen Artist Robert Filliou 1963 d’Gebuert vun der Konscht.

Dobäi huet de Kënschtler net iergendeen Datum gewielt, mee säin eegene Gebuertsdag zum grousse Festdag erkläert. De geckege Kärel a Vertrieder vun der sougenannter Fluxusbeweegung wollt d’Konscht mam Alldag verbannen an huet esou déi ganz (Entstéiungs)Geschicht a sengem Wierk „Whispered history of art “ (1963) festgehalen.

Ma, de Gebuertsdag vun der Konscht sollt dobäi en unerkannte Feierdag ginn, un deem weltwäit Schoulfräi a bezuelte Congé agefouert misst ginn, sou datt jiddereen un dësem besonneschen Dag an den zuelräichen Evenementer deelhuele kann.

„Keng Konscht un de Maueren“

Esou huet de Filliou beispillsweis am Joer 1973 all Biller vun den Oochener Muséeën erofhuele gelooss, fir datt d’Konscht op hirem besonneschen Dag ouni Wierker opgoe kann. Jidderee sollt Deel vun der Kultur sinn, wat den Ziler vun der Fluxusbeweegung entsprécht.

Wat nämlech Ufank vum 20. Joerhonnert zur Zäit vum Dadaismus entstanen ass, gouf an de 60er Joren virugefouert an ausgebaut. Op Laténgesch bedeit de Begrëff „fléissend“, a genee fir dëse fléissenden Iwwergang vu bildender Konscht, Musek, Theater a Literatur hunn d’Vertrieder vun der Konschtbeweegung gestanen.

Duerch déi immens Diversitéit gëtt et keng kloer Definitioun fir de Fluxus, allerdéngs waren hir Vertrieder net averstanen domat, datt et eng „elitär Konscht“ gëtt an datt Muséeë bestëmmen, wat Konscht ass. Onofhängeg vum Bildungsgrad sollt jiddereen d’Recht hunn Konscht ze verstoen an ze kreéieren.

Och no sengem Dout hu Kënschtler weltwäit de Gebuertsdag vun der Konscht viru gefeiert. Mëttlerweil sinn et awer besonnesch d’Radiosender, déi mat bestëmmte Programmer d’Klangkonscht an de Fokus réckelen.

Dernières nouvelles