D’Fréijoersausstellung vum CAL

D’Präsidenten an d’Membere vum administrative Conseil lueden iech häerzlech op d’Fréijoersausstellung vum CAL (Cercle Artistique de Luxembourg) 2022 an.

Dës Expo, déi den Numm « Faux Pas » dréit, fënnt am kënnegen Tramsschapp statt.
(49, rue Ermesinde, L-1469 Luxembourg)

Parkméiglechkeeten sinn an der Avenue Pasteur ze fannen.
(72, de l’avenue Pasteur L-2310 Luxembourg)

D’Zil vun dëser Ausstellung ass ënnert anerem Kënschtler zesummenzeféieren an hier Wierker auszestellen. Dobäi mussen d’Kënschtler hire Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn oder Member vun der CAL sinn. Och sollten si ënnert 35 Joer al sinn, Kënschtler aus Behënnertenateliere sinn häerzlech wëllkomm.

D’Wierker goufe vum Kurator Roland Herrmann ausgewielt – 15 Membere vum CAL, 23 Kënschtler a 34 Kënschtler ausBehënnertenatelieren, kënnen elo ganz houfreg op sech sinn.

Déi 72 Kënschtler stellen hier Wierker net nëmmen aus – hiert Talent gëtt belount. Eng Jury vergëtt ee Präis fir ee jonkt Talent ënner 35 Joer. Dësen ass op 1.000 Euro dotéiert. De gléckleche Gewënner gëtt de 14. Mäerz um 18 Auer bekannt ginn.

Weider Informatioune fannt Dir hei.

Dernières nouvelles