Buchtipp: Für immer Rabbit Hayes

E Comeback mat der Hayes-Famill! Ech erënnere mech nach ganz genee u meng Kräischattacke beim éischten Deel, ech war gespaant wat mech erwaart. D’Buch ass emotional, et war wéi wann ech Besuch vu gudde Frënn kritt hätt – och wann de Grond traureg ass.

D’Mamm, d’Rabbit ass u Kriibs gestuerwen, d’Famill trauert – jidderee geet anescht domat ëm. Och dëst Buch ass am Rowohlt Verlag verëffentlecht ginn.

Trauer huet vill Gesiichter, et ass wichteg keng Ënnerscheeder ze maachen. Se akzeptéieren, d’Gefiller zouloossen. Verdrängung mécht alles schlëmmer.

Op den éischte Säiten erliewe mir dem Rabbit seng lescht Momenter nach eemol, dono erliewe mir wat fir Auswierkungen de Verloscht op déi aner Familljemember huet.

Mir liesen d’Geschicht aus de verschiddenste Perspektiven – d’Molly an de Jack, dem Rabbit seng Eltere kommen zu Wuert. D’Grace an den Davey seng Gesëschter erliewen an där Zäit och vill, d’Juliet säi Meedche muss domat eens gi keng Mamm méi ze hunn – an dann ass do nach d’Majorie, dem Rabbit seng beschte Frëndin. Ouni seng aner Hallschent fillt hatt sech onvollkommen, déi ganz Famill muss hir Identitéit erëmfannen. D’Liewen. An och de Glawen. Wien sinn si ouni d’Rabbit?

Déi éischt puer Kapitele sinn esou emotional, datt et scho bal net auszehalen ass d’Buch an enger Kéier ze liesen. An da mécht d’Geschicht een Zäitsprong – et ass e Joer vergaangen. Dës zwielef Méint weisen dem Lieser, datt Zäit net all Wonn heelt. D’Famill Hayes stécht an enger Kris, si hunn all méi oder manner grouss Problemer. Si si verluer.

Ech hunn se Säit fir Säit begleet an d’Hoffnung ass Stéck fir Stéck erëmkomm. De Schluss ass perfekt – typesch Hayes eben. D’Liewen an den Dout matenee verbonnen.

De Buchtitel schwätzt mir aus der Séil. Für immer Rabbit ass en Häerzensbuch. Fir ëmmer.

Ech hu villes vun dëser aussergewéinlecher Famill geléiert.

Den Dout gehéiert zum Liewen dozou, d’Buch léisst e verstoen, wéi wichteg all Dag ass. Et ass net selbstverständlech. Ech si frou, dass d’Anna McPartlin an dës geckeg Famill mech drun erënnert hunn.

Wann Dir d’Buch liese wëllt – leet Iech onbedéngt en décke Pak Nuesschnappecher op d’Säit!

Ech hunn se gebraucht, ma dono hunn ech mech ewéi neigebuer gefillt. Esou ass et mir och scho mam éischten Deel gaangen.

Am Buch gëtt et e passende Saz dozou: « Et brécht engem d’Häerz a baut een nees op. »

Merci Rabbit!

Dernières nouvelles