Um fréie Samschdeg Moien sinn d‘Pompjeeen vum CIS Keel-Téiteng op en Asaz an d‘Rue de la Fontaine zu Téiteng geruff ginn. Hei hunn aus ongekläerte Grënn Gefierer an enger Hal Feier gefaangen.

Wärend Verstäerkung geruff ginn ass, hunn déi éischt Ekippen Moossnamen ageleet, fir datt d‘Feier sech net op weider Gefierer an am Gebai ausbreet. Ma, 4 Binomen, déi mat Otemschutz geschafft hunn, konnten de Brand schliisslech ënnert Kontroll kréien.
Glécklecherweis gouf et keng Blesséierter.