Editorial: Féck dech… Zemmour

Rietspopulistesche pseudo Polemiker wëll franséische President ginn an ass ganz iwwerrascht, datt nëmmen den humanen Offall eppes Applaus fir hien iwwreg huet. Datt den Eric Zemmour no „laangem Virlaf“ elo gëschter um 12 Auer (High Noon) seng Kandidatur fir d‘Presidence vun der Grande Nation annoncéiert huet, ass weder iwwerraschend nach eng gutt Nouvelle. Op esou eppes wéi den Eric Zemmour ka Frankräich, Europa an eigentlech déi ganz Welt beschtens verzichten.

Dës schänterlecht Konstrukt vun der Biologie, an deem dat genetescht Material vun alle Faschisten an Autokraten op dëser Welt schéngt d‘iwwerhand geholl ze hunn, mengt tatsächlech, datt et kee Sënn méi mécht Frankräich (politesch) ze reforméieren. Frankräich bréicht ee „Messias“ an den Eric Zemmour gesäit sech als Solches. Dobäi wier dës schrecklech Persoun mam Attribut „Dabo“ scho maximal gelueft. De Cretin ouni Partei a Charisma, kéint awer Chancen hunn, geet behaapt.

Interessant ass zudeem, datt et méiglech ass, als verschiddentlech verurteelten (also ëfters) Rassist sech dierfe fir d‘Mandat vum Staatschef opzestellen. Donieft ass de Mann: Misogyn, Homophob, Xenophob an een ausgewisene Provokateur. De Fransous huet en Ausdrock fir esou Mënschen: „C‘est une Merde!“. An esouguer do huet een nach ëmmer d‘Gefill se wéilten de Mann luewen. An elo? Ausser datt dank him den RN keng Aussiichte méi huet, ass hie keng weider Meldung wäert.

Dernières nouvelles