Covid19: Ewéi geféierlech ass déi nei Variant Omikron?

Zanter dem Ausbroch vun der Coronapandemie huet sech villes verännert. Dobäi handelt et sech net nëmmen ëm déi sanitär Moossnamen, och de Virus selwer entwéckelt sech stänneg virun a suergt mat sengen ënnerschiddleche Variante fir Opreegung.

Déi nei opgetruede Variant Omikron ass de 24. November a Südafrika fonnt ginn a gëtt elo vun de Fuerscher weltwäit ënnert d‘Lupp geholl. Ma dat brauch awer seng Zäit.

Dobäi ass schonn erauskomm, datt d‘Variant méi ustiechend ass, d‘Infektioun selwer schéngt allerdéngs méi liicht ze verlafen. Dat wär jo eng gutt Noriicht. Dës muss allerdéngs nach bestätegt ginn, well d‘Fuerschung ewéi gesot, eréischt ugefaangen huet. D’Grondlag vun dëser, éischter Ausso baséiert eréischt op e puer Honnerte Fäll.

Fir eng méi gréisser Opreegung huet dobäi d’Nouvelle gesuergt, datt et schonn een éischte Fall mat dëser Variant am Groussherzogtum gëtt. Dëst huet de Staatslabo e Mëttwoch an enger Matdeelung richteggestallt.

Dobäi ass den Infizéierten tatsächlech ee Lëtzebuerger, deen allerdéngs an der Belsch wunnt. Dëst huet fir sou munch Onsécherheeten gesuergt. De Patient gouf direkt isoléiert an ass an de leschte Wochen och net am Land gewiescht.

Datt déi nei Variant richteg zu Lëtzebuerg ukënnt, ass just eng Fro vun Zäit. Mee de Staatslabo ass mat sengem Sentinelprojet prett a wäert de Virus sequenzéieren an erausfannen, ewéi en op d’Impfung uschléit.

A villäicht ass eng manner geféierlech Variant d‘Léisung fir d‘Land op natierlechem Wee ze immuniséieren a gläichzäiteg d‘Spideeler ze entlaaschten. Dat alles bleift ofzewaarden.

Et ass eng Tatsaach, datt och vill geimpfte Persounen mam Coronavirus infizéiert – an och hospitaliséiert sinn. Duerch d‘Impfung hunn se allerdéngs eng gréisser Chance d‘Infektioun gutt ze iwwerstoen an d‘Spidol erëm op hiren zwee Been ze verloossen.

De beschte Schutz géint de Virus ass nach ëmmer ganz almoudesch Ofstand halen, sech d’Hänn reegelméisseg wäschen, de Maskeschutz undoen – a jo, och d‘Impfung dréit säin Deel dozou bäi.

Méi Informatiounen zum Omikron fannt Dir hei.

Dernières nouvelles