Editorial: #etgeetdeckduer

En Hashtag mécht säi Wee. Mat #etgeetdeckduer stellt sech eng grouss Majoritéit vun de Bierger de Schwuerbeler, Verschwierungstheoretiker an liicht faschistoide wéi reliéise Fanatiker entgéint, déi hir demokratesch Rechter mëssbrauchen an d‘Demokratie dank Ligen, Fake-News an – wat een als brandgeféierlech muss erkennen – Geschichtsverklärung wëllen ënnergruewen. Minister gi bedreet – an de Märsch gëtt net gezéckt de Regierungsmedien de Stréck virzehalen dee se dem Premier ëm den Hals leeë wëllen – Journaliste ginn, och ënnert Asaz vu héchst dubiéise Juriste, ageschüchtert.

Wann ee gewëllt wier de Mouvement „objektiv“ ze bezifferen, da kann et sech ëm eng Mass vun 8.000 bis 10.000 aktive Queeschdenkerten a soss mat der Welt a sech selwer onzefriddene Kämpfer handelen. Et dierften der wuel vill manner sinn, och wann een déi hëllefsbereet Aktivisten aus der Groussregioun matzielt, déi d‘Reie verstäerken, an zuweilen och en differenzéierten Ëmgang mam Begrëff „friddlech Demonstratioun“ hunn. Eigentlech, an dat dierf een no Méintelaangem Protest esou festhalen, kann een den Organisateure vum „Marsch“ an der „Polonaise“ hei ënnerstellen, datt si d‘Demokratie ënnerwanderen an déi sozial Kohesioun am Land wëllen instrumentaliséieren.

Si maachen een op beleidegt a veriergert, well d‘Regierung sech huet missen derzou entscheeden, d‘Demonstratiounsrecht ze encadréieren. Dat hat et – esoulaang ech mech erënnere kann – nach net zu Lëtzebuerg. Dobäi sinn si déi wou d‘Béchs vun der Pandora opgerappt hunn an, den Cretine wéi de Faschisten den rouden Teppech ausgeluecht hunn. Déi verlugen Distanzéierung vu Kläpper an anere Kriminellen, gëtt duerch esou idiotesch wéi geféierlech Posts/Kommentaren an de sozialen Netzwierker nach emol ervirgehuewen. Schonn aus dësem Grond sollt et elo d‘Impfflicht ginn.

Dernières nouvelles