CARE: Et gëtt eng direkt humanitär Hëllef gestallt

Den ausgebrachene Krich an Europa, beschäftegt net nëmmen Politiker a Regierungen, mee och Hëllefsorganisatioune maache sech Gedanken.

Et ass bewosst, datt dréngend humanitär Hëllef benéidegt gëtt. Zesumme mat der Associatioun « People in need » ënnerstëtzt CARE d’Ukrain direkt mat Liewensmëttel, Hygieneartikelen an esouguer Boergeld. Selbstverständlech gëtt och psychologesch Ënnerstëtzung ugebueden.

Et feelt iwwerall un Hëllef – d’Infrastrukture si beschiedegt an d’Waasserversuergung funktionéiert net esou ewéi se soll. Et ass ee stännege Kampf ëm d’Iwwerliewe fir Millioune vu Mënschen an der Ukrain.

« Zanter dem Muere vum 24. Februar 2022 huet sech d’Lag ganz séier verännert. De Besoin u séierer Nouthëllef ass geklommen – an dat wéinst engem Konflikt, deen um Réck vun onschëllegen Zivilisten ausgedroe gëtt », ënnersträicht de Frédéric Haupert, Direkter vu CARE.

« Mënsche siche verzweiwelt Schutz, flüchten iwwer Grenzen an eis europäesch Nopeschlänner. Et ass eis Flicht, hinne bäizestoen an ze hëllefen. »

Dobäi ass de Konflikt schonn zanter ee puer Joer um brennen, am Oste vun der Ukrain leiden d’Awunner säit 8 Joer ënnert dëser Angscht.

Elo ass de Krich omnipresent. Duerch d’Coronapandemie ass et nach méi schwéier u liewenswichteg Ressourcen an Déngschtleeschtungen ze kommen. D’Situatioun verschäerft sech dramatesch. Den Auswee aus dësem Däiwelskrees ass schwéier …

A genee dofir kann all Spend den Ënnerscheed maachen.

Dernières nouvelles