Eppes fir d‘Frënn vun der Statistik

De Gesondheetsministère informéiert, datt et eppes Verännerunge bei den Daten an den deeglechen an wëchentleche Rapporte, betreffend déi drëtt Impfdosis huet

Fir datt all interesséierte Mënsch, deen d‘Evolutioun vun der Pandemie verfollegen an analyséiere wëll, gutt Informatioune fanne kann, verëffentlecht d‘Santé all Dag ee Bericht mat de statisteschen Donnéeë. Dat an enger liicht verständlecher an transparenter Aart a Weis. Well een et awer ëmmer ka besser maachen, hunn sech Verännerungen a Verbesserunge bei der Presentatioun imposéiert.

Um Site covid19.lu huet et folgerichteg eppes nei Donnéeën. Zanter dem 12. Januar gi jo d‘Zuele vun de verofreechten Impfdosissen Dag fir Dag publizéiert. Am wëchentleche Rapport, gëtt sech jo primär op d‘Retrospektiv vun der vergaangener Woch konzentréiert, an och hei huet et eng Rei Verännerungen, déi sech op d‘Impfunge bezéien. Dat mécht am verännerte Kontext jo och Sënn.

Et ass ee jo am Begrëff de „vulnerabele Persounen“ eng weider Impfdosis (fir déi mam Janssen ass eng zweet Impfung mat engem mRNA-Impfstoff noutwenneg, fir all déi aner gëtt et eng drëtt vun: entweder Moderna oder Pfizer/Biontech). Schonn dëse Fait huet mat sech bruecht, datt en Update vun de verschiddene Rapporte sënnvoll war. D‘Aluedunge ginn Etappeweis per Post verschéckt.

Et huet nees en ze héijen Infektiounstaux

Um Donneschdeg huet de Gesondheetsministère nees 432 Neiinfektioune gemellt. Dat hat et zanter dem 19. Dezember net méi, a sengerzäit hat et nach keen Impfstoff. Dës „positiv Fäll“ betreffe ronn 10% vun de geteste Persounen. Dat wier, bezunn op déi reng Zuelen, eng Verdräifachung vun de positiv geteste Fäll, am Verglach zu de Resultater vu virun eelef Méint. Do waren et nëmmen 3,4%.

Den Direkter vun der Gesondheetsdirektioun, Dr Jean-Claude Schmit, réit awer elo zu enger méi virsiichteger Interpretatioun vun dësen Zuelen. Sécher hätt et Unzeeche vun enger véierter Well, allerdéngs war den 1. November ee Feierdag, dofir sinn d‘Leit eréischt en Dënschdeg getest ginn an hunn hir Resultater ee Mëttwoch kritt. Dat ergëtt sech esou och aus de Besuchsstatistiken.

Huet et fir gewéinlech bis zu 2.500 Leit déi sech all Dag teste loossen, esou waren et der dësen Dënschdeg eng 4.500. Et misst een elo d‘Zuelen an d‘Date vun haitege Freideg ofwaarden, fir dann ee méi verléislecht Bild vun der Gesamtsituatioun ze erhalen. An de Spideeler huet d‘Zuel vun de Covid19-Patiente wuel liicht zougeholl, mee et géif zur Stonn keng Hiweiser op Problemer.

Alles an allem sinn 29 Covid19-Patienten op der normaler Statioun (+5), op der „Intensiver“ huet et därer 13. Viru knapp engem Joer huet ee bei änlechen Infektiounszuelen nach iwwer 200 Persoune (ronn 40 op der Intensivstatioun) mat Covid19 am Spidol behandelt. D‘Zuel vun de Stierffäll ass och net ze vergläichen. Dat weist eis da schonn, datt sech impfe loossen, déi besser Optioun ass.

Illustratioun: © Ian Hutchinson / unsplash

Dernières nouvelles