Macron-Salman: en Treffen dat polariséiert

Wann et ëm grouss Politik a Wirtschaftsbezéiunge geet, hu Mënscherechter Paus

Dem franséische President seng Noost-Prospektioun, déi an Vereenegten Arabeschen Emirater ee Freideg ugefaangen huet, schéngt net gewierdegt ze ginn. Dobäi konnt hie beim Besuch däitlech maachen, datt Frankräich an der Golfregioun nach ëmmer politesch ganz gutt opgestallt ass.

Esou konnt eng mam Katar koordinéiert humanitär Missioun am Afghanistan genotzt ginn, fir 258 Afghanen, 60 Hollänner an 11 Fransousen aus Kabul auszefléien. Wärend déi duerchgeholl gouf, huet den Emmanuel Macron, a Begleedung vun de Friddensstëfter: Dassault, Safran an Thales zu Dubai 80 Kampffliger vum Typ Rafale un de Scheich bruecht. Et muss een Demokratie schützen.

Et ass net iwwerbruecht ginn, ob sech de franséische Staatschef och am Lëtzebuerger Pavillon sollt blécke gelooss hunn, dofir awer datt den Emmanuel Macron nom Waffendeal presséiert war sech a Saudiarabien zur nächster „Entrevue“ anzefannen. Hei hat den Humanist Rendez-vous mat engem ganz interessante Personnage, dem Krounprënz Mohammed ben Salman, bekannt als den „MBS“.

Macron-Salman

Den Emmanuel Macron ass den éischte westleche Staatschef deen et wot, sech mam saudiarabesche Krounprënz an der Ëffentlechkeet ze weisen. Firwat ginn „déi aner dem MBS aus de Féiss“? Ma et gëtt behaapt, an déi amerikanesch Geheimdéngschter sinn sech doranner eens, datt de Mohammed ben Salman, de Mord um am Exil liewende Regimmkritiker Jamal Kashoggi ugeuerdent soll hunn.

Mat Terroriste verhandelt een net…

De Krounprënz an de President hu sech also um Samschdeg zu Jeddah an engem Palais als „Frënn“ begéint. Den Empfang jiddefalls war ausgesprachen häerzlech. Well de Mohammed ben Salman ee ganz introvertéierte, mee virun allem gekréinte Kapp ass, huet just den Emmanuel Macron sech de westleche Medie géinteniwwer, zur Entrevue ausgedréckt. Dee war sech der Brisanz scho bewosst.

Hien huet dann och säi Besuch bei engem kriminelle Scheich missen an dat richtegt Liicht stellen. Viru sengem Depart zu Jeddah, huet de Fransous gesot, datt hie mat sengem Frënd iwwert alles ouni Tabu geschwat huet. „Mir konnten natierlech d‘Fro vun de Mënscherechter uschneiden. Et war een direkten an hoffentlech wierkungsvollen Austausch“, esou den zouversiichtleche President Macron.

Macron-Salman
© Elysée (presidency handout)

Wann dat mat de „Mënscherechter“ an dësem Kontext dierf als politesch Floskel ofgedoe ginn, esou huet et aner Themen, zu deenen ee sech iwwert méi Oppenheet gefreet hätt. Et ass gewosst, datt bei der Entrevue och iwwert de Libanon geschwat gouf. Frankräich dat aus kolonialistesche Grënn nach ëmmer eng besonnesch Bezéiung mam Libanon ënnerhält, wëll jo hei Verantwortung iwwerhuelen.

Paräis wëll sech hei fir eng besser Versuergung mat Liewensmëttel, Medikamenter an Energie asetzen, erwaart sech awer „politesch Reformen“. Frankräich eleng kann dat awer net leeschten an sicht an dëser Hisiicht Partner déi hëllefen de Libanon aus senger Wirtschafts- a Politikkris ze féieren. Saudiarabien kéint an dësem Kontext eng grouss Roll zougestane kréien. Op dat geet?

Béid Frënn am Geescht hunn natierlech och den eventuellen neien Atomaccord mat den iraneschen Ajatollahen beroden. Déi Islamesch Republik Iran ass „aus reliéise Grënn“ den Äerzfeind vu Saudiarabien an den Emmanuel Macron iwwerzeegt, datt nëmmen iwwer den Dialog mat dem saudesche Kinnekräich, d‘Zukunft vun der Regioun friddlech ze gestalten ass. Dat kann daueren…

mat indymedia/tlv/par

Dernières nouvelles