En Route fir en neien Atomdeal mam Iran

Zu Wien hu sech gëschter d‘Signataire vum Ofkommes mam Iran getraff, fir den alen Accord, deen d‘Amerikaner eesäiteg gekënnegt haten, nees ze retabléieren. Dës éischt Gespréichsronn huet am Hotel Coburg stattfonnt, an deem 2015 d‘Verhandlungen ofgeschloss goufen.

Wat kann ee sech vun dëse Gespréicher erwaarden? Déi europäesch Signatairen, Däitschland a Frankräich, mee och d‘USA a Groussbritannien, wëlle méiglechst zäitno zu engem neien Accord fannen. Och China a Russland schéngen eng kuerz Agenda virzezéien. D Ajatollahen hirersäits schéngen net presséiert ze sinn, wat op de rezente Muechtwiessel am Iran zeréckzeféieren ass.

Zudeem steet déi Islamesch Republik Iran nach ëmmer ënner Drock, an d‘USA ënnert dem Joe Biden, hu weiderhi Fuerderungen un Teheran. A well et zur Stonn keng direkt Verhandlungen tëscht Amerikaner an Iraner méiglech ass, sollt ee sech vun dësem Meeting elo net allze vill verspriechen. Déi amerikanesch Delegatioun sëtzt an engem aneren Hotel, wéi de Rescht vun der Band.

Atomdeal

Hei muss een den Ajatollahen awer hiert Argument ervirhiewen, dat net nëmme schlësseg, mee och wierklech zoutreffend ass. D‘Iraner erklären „D‘USA sinn ënnert dem Donald Trump aus dem Accord ausgetrueden an esou keng Vertragspartner méi“. Aus diplomatescher Siicht keng Basis fir Verhandlungen, besonnesch wou jo Teheran zu weidere Konzessioune sollt „iwwerriet“ ginn.

Ze notéieren ass och, datt den neien iranesche President Ebrahim Raisolsadati (60) kee Reformer ass. Den Hardliner huet éischter keen Interessi un enger Neioplo vum Atomofkommes, firwat et zanter Juni och guer keng diplomatesch Kontakter an dëser Hisiicht ginn huet. A well si „ugeruff“ goufen, stellen d‘Ajatollahen eng Rei Virbedéngungen. Dat veriergert net nëmmen d‘Amerikaner.

Et muss eppes geschéien

Gutt déi hunn hei am wierklech Sënn vum Wuert d‘Aaschkaart, well d‘Iraner erwaarden sech ganz am Eescht vun den Amerikaner, eng Entschëllegung dofir, datt eng misogyn-politesch Flaachzang eesäiteg den Accord zerrappt huet. A wann ee scho fuerdert, da kann een och direkt vun den USA verlaangen all d‘Sanktiounen opzehiewen. Als drëtt „Zougeständnes“ vun den Amerikaner, hätten d‘Iraner gäre Garantien, datt och déi nächst US-Regierung sech un ee méiglechen Accord hält.

Atomdeal

Well elo d‘Amerikaner d‘Ursaach an/oder den Ausléiser vun dësem diplomatesche Super-Gau sinn, hunn déi géintiwwer hiren europäesche Partner schonn eppes Verantwortung. Si sinn erstaunlech verséinlech opgetrueden. Gutt si haten – fir datt et iwwerhaapt emol zu engem Gespréich komme konnt – hir Virbedéngungen (d‘Beschränkung vum iranesche Rakéiteprogramm) fale gelooss.

An awer bleift den Toun rau. Wéi nach am Fréijoer dem Ebrahim Raisolsadati säi Virgänger, den Hassan Rohani sech fir d‘Gespréicher agesat hat, wat dem reliéise Leader Ali Chamenei net esou gefall huet, huet Washington gezéckt. Elo mam gottesfierchtegen „Raisi“wéi de Politterrorist am Volleksmond an an der internationaler Diplomatie genannt gëtt, wäert et richteg ustrengend ginn.


Israel ass éischter besuergt, wat d‘Treffe vu Wien ugeet. De Premierminister faasst dat an dräi Zesummen. Dobäi misst hie sech méi Suerge maachen, sollt et net zu engem Ofkommes mat Teheran kommen

Éischtens kann dësen d‘Amerikaner op den Dout net ausstoen. Zweetens: et schéngt ee sech mat de Sanktiounen ze arrangéieren. Dat soll net heeschen, datt Teheran scho wéilt d‘Sanktioune lass ginn, mee si sinn net bereet dat zu all Präis ze maachen. Ëmmerhin, an dat sollt een an dësem Kontext net vergiessen, d‘USA sinn de Partner vun den Äerzfeinde Saudiarabien an Israel. D‘Chancen also, datt et bei dëse Gespréicher zu wierklech presentabele Fortschrëtter ka kommen, si schlicht „Null“.

mat indymedia/tlv/vie

Dernières nouvelles