Carte Blanche: Emotional Vampiren

Ech hat virun Joren eng Frëndin. Mir waren immens frou mateneen, ma no all Treffe mat him hunn ech mech sou eidel a midd gefillt. Ausgesaugt. Jore méi spéit hunn ech deen Ausdrock « emotional Vampiren » anzwousch gelies. Dat huet villes erkläert.

Dës Mënsche gefalen eis, méi ewéi aneren. Mir vertrauen hinnen bedéngungslos, mir géingen alles fir dës Frëndschaft maachen. Mir erhoffe méi, erhalen esou gutt ewéi näischt. Ma dat sinn emotional Vampiren. Si wëlle kee Blutt, mee eis Energie.

Et ass ewéi all Bezéiung, déi mir am Laf vun eisem Liewen opbauen. Si gi mat onse Gefiller geniert – heiansdo geet dat schif aus. Mir erschafen (ouni et ze mierken) eng Bezéiung, déi eis net gutt deet. De Partner « fiddert » eis mat Trauregkeet, Roserei a Jalousie, hien huet stänneg eppes ze meckeren.

Dëst ass immens schiedlech fir eist emotionaalt Wuelbefannen, et gëtt stänneg Drama provozéiert.

Sécher ass, datt d’Affer vun dëse gëftege Mënsche schiedlech Verhalensmusteren opweisen, wann si keng Verdeedegungsstrategie hunn. Dozou kënnen Isolatioun, Iessattacken, Stëmmungsschwankungen oder Middegkeet gehéieren.

Et kann een dës Mënschen nennen, wéi een wëll – emotional Vampiren, gëfteg Mënschen oder Parasiten. Tatsaach ass, et ass schwéier vun hinne lasszekommen. Et ass een Däiwelskrees, fir deen ze duerchbriechen, brauch een Energie an eventuell Ënnerstëtzung. Et ass och gutt eegen Ofwiermechanismen ze fannen, ma dat brauch awer Zäit. Op jiddwer Fall ass et besser fir d’Gesondheet, sech vu schwierege Mënschen ze léisen.

Och wann et wéideet.

Dernières nouvelles